Actualité

„Handicap International Lëtzebuerg“ op Besuch bei der 5.2

„Handicap International Lëtzebuerg“ war op Besuch bei de Schülerinnen a Schüler vun der 5.2. Nodeems si eng Presentatioun vun der Organisatioun kritt hunn, konnte se sech Gedanke maachen, wéi den Accès fir d’Gesondheet, d’Fleeg, d’Educatioun… op verschiddene Plazen an der Welt ënnerschiddlech respektiv ongerecht si kann.

Si haten och nach d’Méiglechkeet kritt, sech an d’Haut vu kierperlech ageschränkte Leit ze „eranzeversetzen“, andeems si Protheesen ausprobéieren an och Masken undoe konnten, déi d’Vue verfälschen.