Actualité

Mérite Jeunesse: Preparatiounsexpeditioun fir d‘Bronze-Participanten

De Weekend vum 11. an 12. Juli huet d’Preparatiounsexpeditioun am Kader vum Mérite Jeunesse fir eis Bronze-Participanten aus dem LGE stattfonnt. Véier Schüler hunn dës sportlech an usprochsvoll Erausfuerderung ugeholl.

Samschdesmoies ass de Grupp vun der Téitenger Gare aus op eng Wanderung vu ronn 16 Kilometer bis op den Escher Gaalgebierg gestart. No der Arrivée um Camping hunn d‘Participanten hir Zelter opgeriicht an hiert Owesiessen op Gaskocher selwer preparéiert.

Sonndesmoies ass d‘Expeditioun mat enger zweeter Wanderung vu ronn 20 Kilometer bis op déi Péitenger Gare weidergaangen. Trotz de ville Kilometer hunn all d‘Participanten d’Expeditioun erfollegräich ofgeschloss a konnten dobäi wäertvoll Erfarunge fir déi nächst Etapp sammelen.

Am September steet dann d‘Finalexpeditioun um Programm, bei där eis Schüler dat Geléiert an der Praxis ënner Beweis stelle kënnen.

Mir wënschen hinne schonn elo vill Erfolleg a virun allem vill Freed bei dëser nächster Erausfuerderung!

Participanten: Cédric Muno (2B), Bob Li (2B), Loe Ginepri (3E), Tristan Schaminé (4C4)