Häerzlech Invitatioun op de Finissage vun der Ausstellung „50 Faces – 50 Stories“ am Festsall vum LGE de 07. Oktober 2026 um 18.30 Auer.
„50 Faces – 50 Stories“ ass eng Wanderausstellung a wëll Jugendlecher a jonk Erwuessener mat Mënschen a Kontakt bréngen, déi tëscht 1940 an 1945 de Krich an d’Diktatur zu Lëtzebuerg erlieft hunn.
50 Biografië stinn fir 50 Liewensweeër. Si spigelen d’Evenementer vun där Zäit erëm a bidden ënnerschiddlech Perspektiven op de Krich. D’Biografië weisen dobäi méi wéi nëmmen individuell Liewensgeschichten: Si stellen Zesummenhäng hier, maache Parallellen an Ënnerscheeder däitlech a vermëttelen esou e méi ëmfaassend Bild vun der Geschicht vum Zweete Weltkrich. Duerch d’Ausernanersetzung mat de verschiddene Liewensweeër solle Jonker dozou ugereegt ginn, d’Vergaangenheet mat der Géigewaart ze verbannen.

