Am Kader vum 125. Anniversaire vum LGE sammele mir Erënnerungen aus dem Schoulliewen : kleng Geschichten, Fotoen oder Géigestänn, déi lech nach haut un Är Zäit am Lycée erënneren.
Egal aus wei enger Generatioun Dir kommt: Mir freeën eis iwwer all Bäitrag, deen e Stéck LGE-Geschicht erzielt.
Wat siche mir?
- Fotoe vum Schoulliewen (Klassen, Ausflich, Evenementer, Aktivitéiten)
- Biller vu Géigestänn oder Dokumenter, déi lech mam LGE verbannen.
- Dokumenter oder Objeten aus Familljenarchiver
- Perséinlech Erennerungen oder Anekdoten
Ar Bäiträg kënnen am Kader vum 125. Jubiläum an Artikelen, Ausstellungen oder anere Projete ronderëm de Gebuertsdag vum Lycée benotzt ginn.
Schéckt se gären un: 125joer@Ige.lu
Mir freeën eis op Ar schéin Erënnerungen!
Zesumme schreiwe mir d’Geschicht vum LGE weider.

