Actualité

Schnuppercoursen LGE – éischt Phas

Zënter der Rentrée 2022/23 bitt den LGE nieft deem pedagogeschen Encadrement op 7e a 6e elo och fächerspezifesch Virbereedungscoursë fir d’Schüler aus dem Cycle 4.2 am Fondamental un. D’Coursë riichte sech un all interesséiert Schüler, déi duerch eng geziilt Fërderung op d’Kompetenzberäicher vun der 7e am ESC (Enseignement secondaire classique) virbereet kënne ginn. D‘Zil vun de Coursen ass et also, dass den Iwwergang tëscht dem Fondamental an dem Secondaire fir d‘Schüler aus dem Cycle 4.2 vereinfacht gëtt, andeems si vun enger inhaltlecher Virbereedung op d’Lycées-Coursë profitéieren an eng éischte Kéier d’Léieren an d’Schaffen am Lycée kenneléiere kënnen. 

 Dës Coursë si gratis a fannen am Zäitraum tëscht November a Februar ëmmer dënschdes an donneschdes mëttes vu 14:40 bis 16:10 am LGE statt. D’Inhalter vun de Coursë sinn esou ausgeluecht, dass déi zukünfteg Lycées-Schüler op déi dräi Haaptfächer op 7C, nämlech Däitsch, Franséisch a Mathematik, virbereet ginn.  

D’Coursë fannen an zwou Phase statt, woubäi déi éischt Phas vum 10. November bis 10. Dezember wärend engem Zäitraum vu 5 Woche fir all d‘Schüler aus dem Cycle 4.2 op ass. D’Schüler léieren hei eent vun deenen zwee Fächer au Choix kennen.  

Déi zweet Phas ab Januar riicht sech dann an éischter Linn un déi Schüler, déi eng Orientatioun fir op 7C kréie kënnen an déi sech dozou bereet erklären, eng Preinscriptioun am LGE ze maachen.  

 D’Eltere kënnen hir Kanner ab dem 19. Oktober a bis spéitstens de 27. Oktober 2026 um 12 Auer iwwert dee follgende Link (dëse Link gëtt ab dem 19.10. fräigeschalt) umellen. D’Coursë starten an der Woch vum 9. November 2026. 

 ! Opgepasst !  

Mir wëllen drop opmierksam maachen, dass d’Coursë wéinst deem grousse Succès an deene leschte Joren nëmme fir déi éischt 150 ugemellte Schüler zur Verfügung stinn. Duerno wäert et d’Méiglechkeet ginn, sech fir déi zweet Phas am Januar op eng Waardelëscht anzedroen. D’Umeldung heifir wäert am Dezember op eisem Site fräigeschalt ginn.