Book Club

Léiert Neies kennen an deelt mat aneren är Passioun fir d’Liesen!

Book Club LGE (4e-1ère)

Fir eise Book Club trëfft sech all Mount e Grupp vu passionéierte Lieserinnen a Lieser am CDI, fir sech iwwer Bicher, Iddien a Gedanken auszetauschen. Um Enn vun all Meeting gëtt en neit Buch ausgewielt, dat jidderee bis déi nächst Kéier a senger Liiblingssprooch liese kann. Sou entsti flott Diskussiounen a mir hunn schonn eng ganz Rei spannend Wierker entdeckt.

Dëst Schouljoer gëtt de Bookclub vum Nina Bregoli (3E) a vum Melissa Moos Schmit (3A) animéiert.

Häerzlech Invitatioun fir beim Book Club derbäi ze sinn! Kommt bis laanscht, deelt är Passioun um Liesen a loosst iech inspiréieren!


Den nächste Meeting ass en Donneschden, den 13. November 2025 um 14h30 am CDI:

 FERNANDO PESSOA – Livro do Desassossego (PT) / The Book of disquiet (EN) / Das Buch der Unruhe (DE) / Le livre de l’intranquilité (FR)

The Book of Disquiet is the Portuguese modernist master Fernando Pessoa’s greatest literary achievement. An « autobiography » or « diary » containing exquisite melancholy observations, aphorisms, and ruminations, this classic work grapples with all the eternal questions.

Most of the texts in The Book of Disquiet are written under the semi-heteronym Bernardo Soares, an assistant bookkeeper. This existential masterpiece was first published in Portuguese in 1982, forty-seven years after Pessoa’s death.


Book Club LGE (4e-1ère) Meetingen am Schouljoer 2025-2026: (Donneschdes ab 14h30 am CDI)

  • 25. September 2025 : Kenneléier-Meeting
  • 13 November 2025 : Fernando Pessoa – The Book of disquiet / Das Buch der Unruhe / le livre de l’intranquilité / Livro do Desassossego

Book Club JUNIOR (7e-5e)

De Book Club JUNIOR ass eng Initiativ, déi 2023 vum Briana Da Silva Sousa an dem Leni Georges, zwou Schülerinne vun der deemoleger 2eA, an d’Liewe geruff gouf. Heifir kommen all Schülerinnen a Schüler, déi sech fir d‘Liese begeeschteren, eemol pro Trimester am CDI zesummen, fir sech ongezwongen iwwert hir Lieserfarung auszetauschen. D’Membere vum Bookclub sichen um Enn vun all Treffen ee Buch eraus, dat si dann an deenen nächste Woche liesen. D’Bicher kënnen an där Sprooch gelies ginn, déi dem Lieser am meeschte läit respektiv zouseet.


Den nächste Meeting ass en Donneschden, den 11. Dezember 2025 um 14h30 am CDI:

JOHN GREEN – Das Schicksal ist ein mieser Verräter (DE) / Nos étoiles contraires (FR) / The fault in our stars (EN)

„Krebsbücher sind doof“, sagt die 16-jährige Hazel, die selbst Krebs hat. Sie will auf gar keinen Fall bemitleidet werden und kann mit Selbsthilfegruppen nichts anfangen. Bis sie in einer Gruppe auf den intelligenten, gut aussehenden und umwerfend schlagfertigen Gus trifft. Der geht offensiv mit seiner Krankheit um. Hazel und Gus diskutieren Bücher, hören Musik, sehen Filme und verlieben sich ineinander – trotz ihrer Handicaps und Unerfahrenheit. Gus macht Hazels großen Traum wahr: Gemeinsam fliegen sie nach Amsterdam, um dort Peter Van Houten zu treffen, den Autor von Hazels absolutem Lieblingsbuch. Ein tiefgründiges, emotionales und zugleich freches Jugendbuch über Krankheit, Liebe und Tod.

Ausgezeichnet mit dem Deutschen Jugendliteraturpreis (Preis der Jugendjury). 



Book Club Junior (7e-5e) Meetingen am Schouljoer 2025-2026: (Donneschdes ab 14h30 am CDI)

  • Donneschdes, den 2. Oktober 2025 : Kenneléier-Meeting
  • Donneschdes, den 11. Dezember 2025 : JOHN GREEN – Das Schicksal ist ein mieser Verräter (DE) / Nos étoiles contraires (FR) / The fault in our stars (EN)
  • Meeting 2t Trimester : …
  • Meeting 3t Trimester : …

Kuckt hei wat mer déi Joeren virdrunn gelies hunn ! 🔍


photos : (c) Elena Krumlowsky

date de la dernière mise à jour : 10 octobre 2025