Jugendtreff

De Jugendtreff am LGE ass e gemeinsame Raum fir d’Schülerinnen a Schüler, wou si sech ausserhalb vun de Schoulstonnen treffen, entspanen, sech ausdrécken an iwwer Problemer schwätze kënnen.

E gëtt vun Educateuren encadréiert, mee d’Schülerinnen a Schüler kënnen och aktiv un der Organisatioun an un der Gestaltung matwierken.

D’Participatioun ass fräiwëlleg an et gëtt d’Zil verfollegt, d’Autonomie an d’Verantwortungsgefill vun deene Jugendlechen ze stäerken.

Mat enger diversifizéierter Offer, wéi engem Chill-Eck, engem Kicker, engem Billard oder engem Dëschtennis, gëtt en attraktiven Treffpunkt geschaf.

D’Haaptzil ass et, d’Schoulklima ze verbesseren an d’Schülerinnen a Schüler fir méi Engagement ze motivéieren an hir Ausdrocksfäegkeet ze fërderen.


Wéini ass de Jugendtreff op?

De Jugendtreff ass all Dag ausserhalb vun de Schoulstonnen an der Salle Polyvalente iwwert der Kantin op:

  • vu 7.15 bis 7.55 Auer
  • vun 9.40 bis 9.55 Auer
  • vu 11.45 bis 13.30 Auer
  • vun 14.20 bis 16.10 Auer