Agenda

Book Club

23/05/2024 14:30

Léiert Neies kennen an deelt mat aneren är Passioun fir d’Liesen!

Book Club LGE (4e-1ère)

De Book Club ass eng Initiativ, déi vum Briana Da Silva Sousa an dem Leni Georges, zwou Schülerinne vun der 3eA, an d’Liewe geruff gouf. Heifir kommen all Schülerinnen a Schüler, déi sech fir d‘Liese begeeschteren, eemol de Mount am CDI zesummen, fir sech ongezwongen iwwert hir Lieserfarung auszetauschen. D’Membere vum Bookclub sichen um Enn vun all Treffen ee Buch eraus, dat si dann an deenen nächste Woche liesen. D’Bicher kënnen an där Sprooch gelies ginn, déi dem Lieser am meeschte läit respektiv zouseet.

Donneschden, den 23.05.2024 : Sally Rooney : Normal People

23.05.2024

méi Infoen : https://lge.lu/activites/book-club/