Agenda

Book Club LGE

09/01/2025 14:30

Book Club LGE (4e-1ère)

De Book Club ass eng Initiativ, déi 2022 vum Briana Da Silva Sousa an dem Leni Georges, zwou Schülerinne vun der deemoleger 3eA, an d’Liewe geruff gouf. Dëst Schouljoer gëtt de Bookclub vum Leni Georges (1A) a vum Shana Huss (1C) animéiert. Heifir kommen all Schülerinnen a Schüler, déi sech fir d‘Liese begeeschteren, eemol de Mount am CDI zesummen, fir sech ongezwongen iwwert hir Lieserfarung auszetauschen. D’Membere vum Bookclub sichen um Enn vun all Treffen ee Buch eraus, dat si dann an deenen nächste Woche liesen. D’Bicher kënnen an där Sprooch gelies ginn, déi dem Lieser am meeschte läit respektiv zouseet.

Meetingen am Schouljoer 2024-2025: (Donneschdes ab 14h30 am CDI)

  • 3. Oktober 2024 : Kenneléier-Meeting
  • 7. November 2024
  • 5. Dezember 2024
  • 9. Januar 2025
  • 6. Februar 2025
  • 6. Mäerz 2025
  • 24. Abrëll 2025
  • 26. Juni 2025

méi Infoen : https://lge.lu/activites/book-club/