Léiert Neies kennen an deelt mat aneren är Passioun fir d’Liesen!
De Book Club ass eng Initiativ, déi 2022 vum Briana Da Silva Sousa an dem Leni Georges, zwou Schülerinne vun der deemoleger 3eA, an d’Liewe geruff gouf. Dëst Schouljoer gëtt de Bookclub vum Nina Bregoli (3E) a vum Melissa Moos Schmit (3A) animéiert. Heifir kommen all Schülerinnen a Schüler, déi sech fir d‘Liese begeeschteren, eemol de Mount am CDI zesummen, fir sech ongezwongen iwwert hir Lieserfarung auszetauschen. D’Membere vum Bookclub sichen um Enn vun all Treffen ee Buch eraus, dat si dann an deenen nächste Woche liesen. D’Bicher kënnen an där Sprooch gelies ginn, déi dem Lieser am meeschte läit respektiv zouseet.
Meetingen am Schouljoer 2025-2026: (Donneschdes ab 14h30 am CDI)
- 25. September 2025 : Kenneléier-Meeting
- …