Léif Enseignanten aus dem Fondamental,
Mir soen Iech villmools merci fir Ären Interessi un eise Cours préparatoires LGE, un deene mat Ärer Hëllef dëst Joer méi wéi 150 Schüler aus dem Fondamental deelgeholl hunn.
Déi zwou Phase vun 10 Woche Cours ginn dës Woch op en Enn. D’Schüler hu wärend dem Zäitraum vun Ufank November bis Mëtt Februar Coursen zu engem oder zwee Haaptfächer besicht, wou si mëndlech mat agebonne gi sinn a schrëftlech Produktiounen ofginn hunn.
Falls Dir elo interesséiert sidd, Feedback zu de Leeschtunge vun Äre Schüler ze kréien, oder spezifesch Nofroen zu Äre Schüler hutt, dann invitéiere mir Iech ganz häerzlech op eis Feedback-Soirée fir Enseignanten
Mëttwochs, de 26. Februar 2025 um 18 Auer am LGE.
Wärend dëser Reunioun präsentéiere mir Iech e kuerze Réckbléck op d’Coursen, proposéieren Iech e professionellen Austausch mat deenen Enseignanten, déi d’Course gehalen hunn, a beäntwerte gären all Är Froen.
Wann Dir gären un dëser Reunioun deelhuele wëllt, da mellt Iech wgl. bis spéitstens freides, den 21. Februar 2025 bei der Madamm Jessica Willems ënnert der Mailadress jessica.willems@education.lu un. Fir dass mir de Feedback beschtméiglech preparéiere kënnen, ass et wichteg, dass Dir eis am Virfeld d’Nimm vun deene Schüler matdeelt, déi aus Ärer Klass deelgeholl hunn.
Mat beschte Gréiss
Pascal BERMES
Direkter vum LGE