Schnuppercoursen LGE – éischt Phas
Déi zweet Phas ab Januar riicht sech dann an éischter Linn un déi Schüler, déi eng Orientatioun fir op 7C kréie kënnen an déi sech dozou bereet erklären, eng Preinscriptioun am LGE ze maachen.
D’Eltere kënnen hir Kanner ab dem 19. Oktober a bis spéitstens de 27. Oktober 2026 um 12 Auer iwwert dee follgende Link (dëse Link gëtt ab dem 19.10. fräigeschalt) umellen. D’Coursë starten an der Woch vum 9. November 2026.
! Opgepasst !
Mir wëllen drop opmierksam maachen, dass d’Coursë wéinst deem grousse Succès an deene leschte Joren nëmme fir déi éischt 150 ugemellte Schüler zur Verfügung stinn. Duerno wäert et d’Méiglechkeet ginn, sech fir déi zweet Phas am Januar op eng Waardelëscht anzedroen. D’Umeldung heifir wäert am Dezember op eisem Site fräigeschalt ginn.
