Kommt gäre laanscht op eis Porte ouverte de 25. Abrëll 2026 tëscht 8:30 an 13:30 a léiert de Lycée de Garçons Esch (LGE) besser kennen!
- Presentatioun (op LU/FR/EN). D’Auerzäite fannt Dir um Flyer.
- Visite guidée
Deene Schülerinnen a Schüler, déi op eng 3e ESC komme wëllen, bidde mir um 10:00 Informatiounen an een Tour duerch d’Gebai un.
Eng Visite à mobilité réduite ass um 9:45 virgesinn. Treffpunkt : Preau/ Rue de l’Hôpital.
D’Elterevereenegung (APELGE) suergt fir Iessen a Gegrills.
Mir freeën eis op Iech!
