Schnuppercoursen LGE – allgemeng Informatiounen
Zënter der Rentrée 2022/23 bitt den LGE nieft deem pedagogeschen Encadrement op 7e a 6e elo och fächerspezifesch Virbereedungscoursë fir d’Schüler aus dem Cycle 4.2 am Fondamental un. D’Coursë riichte sech un all interesséiert Schüler, déi duerch eng geziilt Fërderung op d’Kompetenzberäicher vun der 7e am ESC (Enseignement secondaire classique) virbereet kënne ginn. D‘Zil vun de Coursen ass et also, dass den Iwwergang tëscht dem Fondamental an dem Secondaire fir d‘Schüler aus dem Cycle 4.2 vereinfacht gëtt, andeems si vun enger inhaltlecher Virbereedung op d’Lycées-Coursë profitéieren an eng éischte Kéier d’Léieren an d’Schaffen am Lycée kenneléiere kënnen.
Dës Coursë si gratis a fannen am Zäitraum tëscht November a Februar ëmmer dënschdes an donneschdes mëttes vu 14:40 bis 16:10 am LGE statt. D’Inhalter vun de Coursë sinn esou ausgeluecht, dass déi zukünfteg Lycées-Schüler op déi dräi Haaptfächer op 7C, nämlech Däitsch, Franséisch a Mathematik, virbereet ginn.
D’Coursë fannen an zwou Phase statt, woubäi déi éischt Phas vun November bis Dezember wärend engem Zäitraum vu 5 Woche fir all d‘Schüler aus dem Cycle 4.2 op ass. Déi zweet Phas ab Januar riicht sech dann an éischter Linn un déi Schüler, déi eng Orientatioun fir op 7C kréie kënnen an déi sech dozou bereet erklären, eng Preinscriptioun am LGE ze maachen.
Fir d’Enseignanten aus dem Fondamental wäert en Dënschden, den 13. Oktober 2026 um 18 Auer eng Informatiounsreunioun am CDI vum LGE stattfannen.
- D’Eltere kënnen hir Kanner dann ab dem 19. Oktober 2026 iwwert e Formulaire op eisem Site umellen.
