Mérite Jeunesse
De „Mérite Jeunesse“ wëllt Jonker tëschent 14 a 25 Joer dozou encouragéieren, sech op gesellschaftlechem Plang ze engagéieren. Déi Jugendlech erhalen doduerch d’Méiglechkeet sech selwer besser kennenzeléieren, mat anere Benevollen ze kooperéieren a virun allem hir eege Fäegkeete weiderzeentweckelen.
De Präis ass ervirgaangen a
us dem „Duke of Edinburgh‘s Award“, deen 1956 fir d’éischt an England iwwerreecht ginn ass. Am Laf vun de Joren huet de Programm sech a méi ewéi 140 Länner op der ganzer Welt erfollegräich duerchgesat.
Am LGE kann sinn d’Mme Breckler, d’Mme Mastropietro (SSE), d’Mme Reimen an d’Mme Zovilé är Uspriechpartnerinne fir de Mérite Jeunesse.
