Schnuppercoursen LGE – allgemeng Informatiounen
Zënter der Rentrée 2022/23 bitt den LGE nieft deem pedagogeschen Encadrement op 7e a 6e elo och fächerspezifesch Virbereedungscoursë fir d’Schüler aus dem Cycle 4.2 am Fondamental un. Am Fokus stinn hei déi leeschtungsstaark Schüler, déi duerch eng geziilt Fërderung op d’Kompetenzberäicher am ESC (Enseignement secondaire classique) virbereet solle ginn. D‘Zil vun de Coursen ass et also, dass den Iwwergank tëscht dem Fondamental an dem Secondaire fir d‘Schüler aus dem Cycle 4.2 vereinfacht gëtt, andeems si vun enger inhaltlecher Virbereedung op d’Lycées-Coursë profitéiere kënnen.
Dës Coursë si gratis a fannen am Zäitraum tëscht November a Februar ëmmer dënschdes an donneschdes mëttes vu 14:40 bis 16:10 am LGE statt. D’Inhalter vun de Coursë sinn esou ausgeluecht, dass déi zukünfteg Lycées-Schüler op déi dräi Haaptfächer op 7C, nämlech Däitsch, Franséisch a Mathematik, virbereet ginn.
D’Coursë fannen an zwou Phase statt, woubäi déi éischt Phas vum 11. November bis 11. Dezember wärend engem Zäitraum vu 5 Woche fir all d‘Schüler aus dem Cycle 4.2 op ass. D’Schüler léieren hei eent vun deenen zwee Fächer au Choix kennen. Déi zweet Phas ab Januar riicht sech dann an éischter Linn un déi Schüler, déi eng Orientatioun fir op 7C kréie kënnen an déi sech dozou bereet erklären, eng Preinscriptioun am LGE ze maachen.
Schnuppercoursen LGE – Feedback-Soirée fir Enseignanten
Léif Enseignanten aus dem Fondamental,
Mir soen Iech villmools merci fir Ären Interessi un eise Schnuppercoursen LGE, un deene mat Ärer Hëllef dëst Joer méi wéi 180 Schüler aus dem Fondamental deelgeholl hunn.
Déi zwou Phase vun 10 Woche Cours ginn dës Woch op en Enn. D’Schüler hu wärend dem Zäitraum vun Ufank November bis Mëtt Februar Coursen zu engem oder zwee Haaptfächer besicht, wou si mëndlech mat agebonne gi sinn a schrëftlech Produktiounen ofginn hunn.
Falls Dir elo interesséiert sidd, Feedback zu de Leeschtunge vun Äre Schüler ze kréien, oder spezifesch Nofroen zu Äre Schüler hutt, dann invitéiere mir Iech ganz häerzlech op eis Feedback-Soirée fir Enseignanten
Donneschdes, de 26. Februar 2026 um 18 Auer am LGE.
Wärend dëser Reunioun präsentéiere mir Iech e kuerze Réckbléck op d’Coursen, proposéieren Iech e professionellen Austausch mat deenen Enseignanten, déi d’Coursë gehalen hunn, a beäntwerte gären all Är Froen.
Wann Dir gären un dëser Reunioun deelhuele wëllt, da mellt Iech wgl. bis spéitstens méindes, den 23. Februar 2026 bei der Madamm Jessica Willems ënnert der Mailadress jessica.willems@education.lu un. Fir dass mir de Feedback beschtméiglech preparéiere kënnen, ass et wichteg, dass Dir eis am Virfeld d’Nimm vun deene Schüler matdeelt, déi aus Ärer Klass deelgeholl hunn.
Léif Enseignanten aus dem Fondamental,
Falls Dir dëst Joer Schüler fir d’Coursë bei eis an den LGE weidervermëttelt hutt, da fannt Dir hei en Online-Froebou, deen Dir eis als Feedback ausfëlle kënnt. Dëse Formulaire ass bis de 26. Mäerz 2026 accessibel.
Mir schaffe gäre konstant dorunner, eis Coursë besser z‘encadréieren an als Complement zu Äre Coursen z‘organiséieren. Äre wäertvolle Retour kann eis dobäi hëllefen.
Villmools Merci am Viraus fir Är Réckmeldung!
dernière mise à jour : 07 février 2026
