Actualité

Presentéier däi Buch op eng originell Manéier : De Liesconcours am LGE

Donneschdes, den 29. Januar 2015 haten eis Schüler d‘Méiglechkeet am CDI e Buch virzestellen, dat hinne besonnesch gutt gefall huet. Am gemittleche Kader vun eiser Schoulbibliothéik hunn d’Schülerinnen (e Jong war dës Kéier net dobäi) hir Bicher dem interesséierte Publikum virgestallt.

De Jury, d‘ Madame Gaggioli an d‘Hären Schmoetten an Thill hu sech dorop gëeenegt déi beschte Beiträg mat 2 Kinoticketen an engem Kindle Ebook-Reader oder engem Bong fir Bicher am Wert vun 120€ ze belounen.

• Op den ënneschte Klassen : eng flott Contributioun vum Lynn Reimen a vum Liz Burton (71), déi en Auszuch aus dem Cornelia Funke sengem Roman „Tintenherz“ als kléngt Theaterstéck inszenéiert hunn. Och d’Publikum war vun hirer Virstellung begeeschtert, sou dass si zousätzlech och nach de Publikumspräis gewonnen hunn.
• Op den ieweschte Klassen gouf d’Presentatioun vum Christine Scherentz (Klass 3BC) zréckbehalen, dat „The fault in our stars“ vum John Green virgestallt huet. Duerch ofwiesselnd Erzielen a Virliesen huet hat et besonnesch gutt geschafft d’Stëmmung vun dësem Roman ze vermëttelen.

Weider Beiträg waren:

Merisa Hot & Stacy Fortes Gomes (75): Zoran Drvenkar – Wenn die Kugel zur Sonne wird
Xenia Da Grava (76) : Jeff Kinney – Gregs Tagebuch. Band 9 : Böse Falle
Gwendy Glodt (61) : Anna Sewell – Black Beauty
Fanny & Anne-Sophie Rauchs (41 & 2CD) : Janne Teller : Nichts was im Leben wichtig ist

Merci un eis Sponsoren: D’Association des parents d’élèves du LGE – D’Amicale vum Escher Kolléisch – Librairies ABC an Diderich – Ciné Utopolis Belval


 

VIDEO UELZECHTKANAL: