Actualité

Deltahigh – Die Faszination der verborgenen Dimension ein Chaosspiel auf drei dimensionalen Levels

Den 29. an 30. Juni koum et a Kooperatioun mat der Grondschoul Dellhéicht vun Esch (Maryse Lallemand) an Déi kleng Fuerscher asbl (Astrid Maischak) an eisem Festsall zur Opféierung vun der Suite vun eiser ausgezeechenter Show „Die Alchemisten von Dellhéicht“ („Award for the outstanding promotion of science to the public“ vum Fonds National de la Recherche):

Deltahigh – Die Faszination der verborgenen Dimension ein Chaosspiel auf drei dimensionalen Levels

An enger Kollaboratioun, wéi et se hei zu Lëtzebuerg sécher (an och am Ausland an dëser Form wahrscheinlech) nëmmen eng Kéier gouf (virun zwee Joer bei eis 😉 ), gouf en Theaterstéck a Form vun enger experimenteller Naturwëssenschafts-Show presentéiert.

Eist Stéck huet an enger noer Zukunft gespillt. De verbrueten Assistent Wolf von der Dellhöhe, deen um Enn vun eiser éischter Geschicht am Mëttelalter konnt onschiedlech gemaach ginn, gouf bei rezenten Opraumaarbechten nees zu neiem Liewen erwächt: Als Black W. Out war hien erëm do!
Elo huet missten op allen Zäitebenen zesummegeschafft ginn, fir ze verhënneren, dass dat Béist ee fir alle Mol gewënnt: D’Alchemisten aus dem Mëttelalter, d’ReDELLen aus der Géigewaart an d’Besatzung vun dem legendäre Raumschëff Deltahigh hu missten esou munch Aventuren duerchliewen, iert um Enn, natierlech, alles gutt gouf.

Niewent dem witzege Stéck selwer, enger Kreatioun ganz aus eegener Hand, stoungen natierlech nees spektakulär Experimenter am Mëttelpunkt. 7es- bis 1ères-Schüler vum Escher Jongelycée a Kanner vum Cycle 3 aus der Grondschoul Dellhéicht hunn dat ganzt Schouljoer gewuddert a geprouft, fir dësen aussergewéinleche Spektakel ze preparéieren.

Den Uelzechtkanal, de landeswäit bekannte Fernsehsender aus dem Escher Jongelycée, huet och nees dofir gesuergt, dass all Klengegkeet um groussen Ecran gutt ze gesi war.

Mir soen dem Fonds National de la Recherche an der Stad Esch Merci fir déi grousshäerzeg Ënnerstëtzung.