Actualité

Naturwëssenschaftsolympiad : NWO 2018

D’Lëtzebuerger Naturwëssenschaftsolympiad ass eng wëssenschaftlech Competitioun fir Schülerinnen a Schüler déi säit 2008 duerchgefouert gëtt. Zanterhier hunn iwwert 15.000 Schülerinnen a Schüler deel geholl.

D’Lëtzebuerger Naturwëssenschaftsolympiad gëtt an 3 Ronnen ausgedroen. An der Qualifikatioun ginn Froen zur Biologie, der Chimie an der Physik mat verschiddenen Äntwertméiglechkeete gestallt. An der  Halleffinale ginn theoretesch Froen zu wëssenschaftleche Versich gestallt. An der Finale geet et drëm, an Equipë vun dräi Schüler naturwëssenschaftlech Versich duerchzeféieren. Déi sechs beschte Schüler qualifizéieren sech fir déi europäesch Naturwëssenschaftsolympiad (EUSO).

Vum 28ten Abrëll bis de 5te Mee 2018, gëtt déi europäesch Naturwëssenschaftsolympiad zu Ljubiliana a Slowenien ofgehalen.

Organisateur sinn d’Associatioun Olympiades luxembourgeoises des sciences naturelles a.s.b.l. an de Ministère de l’Education Nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse an Zesummenaarbecht mat der Association des Biologistes luxembourgeois, der Association luxembourgeoise des Physiciens, der Association des Chimistes luxembourgeois an dem Fonds Nationale de la Recherche.

D’Qualificatioun fir d’Naturwëssentschaftlech Olympiade ass am LGE : Donneschdes, den 16. November vun 8h50 bis 9h40.

Aschreiwen kënnen sech Schüler, déi nom 01/01/2001 gebuer sinn. (Aschreiwungen bis den 07.11.2017)

Infos : www.nwo.lu

 


 

Explicatiounen zum Oflaf vum Concours:

An der Qualifikatioun ginn 30 Multiple-Choice-Froen zu Themen vun der Biologie, Chimie an Physik gestallt. Déi 75 Schüler mat de beschten Resultater qualifizéiren sech fir d’Halleffinale.

An der Halleffinale, gëllt et Froen, Aufgaben, Berechnungen an Diagrammer zu theoretesche wëssenschaftleche Versich ze beäntweren.Déi 24 Schüler mat de beschte Resultater no der Qualifikatioun (zielt 1/3) an der Halleffinale (zielt 2/3) sinn fir d’Finale qualifizéiert.

D’Finale ass dann ganz praktesch, do mussen, an Equipen zu dräi, wëssenschaftlech Versich sou präzise wéi méiglech duerchgefouert ginn.

Matmaachen kann all Schüler aus dem Lycée den um oder nom 1. Januar 2001 gebuer ass.
Umellen kann een sich bis den 7ten November bei sengem Chimie-, Physiks- oder Biologiesenseignant.
D’Qualifikatiounsronn ass de 16ten November an all Lycée den matmëcht, d’Halleffinale den 11ten Dezember 2017 am LGL an d’Finale den 22ten Februar 2018 am LMRL.

All Schüler, déi an d’Finale kommen, kréien e Präis an déi beschte 6 Schüler däerfen un der Naturwëssenschaftsolympiad vun der europäescher Unioun (EUSO), déi vum 28ten Abrëll bis de 5te Mee zu Ljubiliana a Slowenien ass, deelhuelen. Weider Infoen opwww.euso.eu.


Lëtzebuerger Naturwëssenschaftsolympiad (NWO) 2015

Lëtzebuerger Naturwëssenschaftsolympiad (NWO) 2016