Actualité

Den 1te Präis beim Prix Laurence geet un de Romain Haas (1A)

De Romain Haas gewënnt den éischte Präis vum « Prix Laurence 2019 » an der Alterskategorie 18-26 Joer. Den 19-järegen Auteur huet fir säin Text « Un café vénitien » och de « Prix du public » krut.

Als Lycée gratuléiere mir him ganz häerzlech fir dës besonnesch Leeschtung!

(c) Facebooksäit vun « Der Kritische Blick » – Blog vum Jerome Jaminet

Weider Infos op der Säit vum Prix Laurence : www.prixlaurence.lu


Schonn 2018 huet de Romain Haas déi excellent zweet Plaz an de « Prix du public » gewonnen. Säin Text vun 2018 « La bibliothèque » wor eis duerch den Liesowend am LGE beschtens bekannt.