Et gëllt eng clever Maschinn ze bauen déi e Goodyear Loftschëff un d’liichte bréngt, an et erlaabt e Message mat Kniwwelino LED Unitéiten ze iwwermëttelen.(*) Heivir soll op Science, Technology, Engenieurswiesen a Mathe (STEM) Prinzippien zeréckgegraff ginn. Déi beschte Maschinne gi spéider mat attraktive Präisser belount!
Wie ka matmaachen?
- All Schüler aus de Klassen 7e bis 5e (Kategorie A), respektiv 4e bis 2e (Kategorie B) kënne matmaachen.
- D’Gruppe sollen aus min. 8, max. 10 Schüler aus der selwechter Kategorie an deem selwechten Lycée bestoen.
- All Grupp kann aus Schüler aus verschiddenen Klassen zesummegesat sinn.
- All Grupp muss vun engem Proff ënnerstëtzt ginn.
- All Lycée ka méi wéi eng Grupp umellen.
Wat genau gëtt erwaart?
No der Aschreiwung hunn d’Schüler bis den 15. Mee 2020 Zäit vir:
- Hier Maschinn z’entwéckelen an ze bauen;
- E Rapport ze schreiwen deen de Fonctionnement vun der Maschinn erkläert;
- E Film ze dréien deen hier Maschinn an Aktioun weist
Wéi ginn d’Maschinne bewäert a wie gewënnt?
All Maschinn gëtt vun Ingenieuren an Experten aus der Industrie an der Fuerschung bewäert. Vir folgend Elementer gëtt et Punkten:
- Kreativitéit an Originalitéit vun der Maschinn
- Verschidden obligatoresch an optional Aufgaben déi d’Maschinn erfëllen muss / soll
- De schrëftlechen Rapport
- De Film
Déi 11 Gruppen (eng aus der Kategorie A an 10 aus der Kategorie B) déi zum Schluss déi meeschte Punkte gesammelt hu ginn ageluede fir eng live Demonstratioun vun hirer Maschinn, woudropshin och d’Präisser verdeelt ginn. Dëse Live-Demo Dag ass vir Ufangs Juli 2020 virgesinn.
Dir wëllt Iech aschreiwen?
Umeldungsformularer fannt Dir an der Direktioun vun ärem Lycée, oder Dir kontaktéiert ons ënner LuxStemChallenge@goodyear.com vir eng elektronesch Kopie vun den Dokumenter.
Wichteg: all d’Gruppen mussen sech bis spéitstens den 13. Dezember 2019 ageschriwwen hunn!
Vidéo éditioun 2018-2019 à https://youtu.be/NfrBRJQYTLQ
(*) En opblosbart Goodyear Loftschëff (approx. 84 cm Längt) & Kniwwelino Liichtelementer kritt dir no ärer Aschreiwung vun ons geschéckt.