Actualité

GOOD YEAR STUDENT CHALLENGE

Et gëllt eng clever Maschinn ze bauen déi e Goodyear Loftschëff un d’liichte bréngt, an et erlaabt e Message mat Kniwwelino LED Unitéiten ze iwwermëttelen.(*) Heivir soll op Science, Technology, Engenieurswiesen a Mathe (STEM) Prinzippien zeréckgegraff ginn. Déi beschte Maschinne gi spéider mat attraktive Präisser belount!

Wie ka matmaachen?

  • All Schüler aus de Klassen 7e bis 5e (Kategorie A), respektiv 4e bis 2e (Kategorie B) kënne matmaachen.
  • D’Gruppe sollen aus min. 8, max. 10 Schüler aus der selwechter Kategorie an deem selwechten Lycée bestoen.
  • All Grupp kann aus Schüler aus verschiddenen Klassen zesummegesat sinn.
  • All Grupp muss vun engem Proff ënnerstëtzt ginn.
  • All Lycée ka méi wéi eng Grupp umellen.

Wat genau gëtt erwaart?

No der Aschreiwung hunn d’Schüler bis den 15. Mee 2020 Zäit vir:

  • Hier Maschinn z’entwéckelen an ze bauen;
  • E Rapport ze schreiwen deen de Fonctionnement vun der Maschinn erkläert;
  • E Film ze dréien deen hier Maschinn an Aktioun weist

Wéi ginn d’Maschinne bewäert a wie gewënnt?

All Maschinn gëtt vun Ingenieuren an Experten aus der Industrie an der Fuerschung bewäert. Vir folgend Elementer gëtt et Punkten:

  • Kreativitéit an Originalitéit vun der Maschinn
  • Verschidden obligatoresch an optional Aufgaben déi d’Maschinn erfëllen muss / soll
  • De schrëftlechen Rapport
  • De Film

Déi 11 Gruppen (eng aus der Kategorie A an 10 aus der Kategorie B) déi zum Schluss déi meeschte Punkte gesammelt hu ginn ageluede fir eng live Demonstratioun vun hirer Maschinn, woudropshin och d’Präisser verdeelt ginn. Dëse Live-Demo Dag ass vir Ufangs Juli 2020 virgesinn.

Dir wëllt Iech aschreiwen?

Umeldungsformularer fannt Dir an der Direktioun vun ärem Lycée, oder Dir kontaktéiert ons ënner LuxStemChallenge@goodyear.com vir eng elektronesch Kopie vun den Dokumenter.

 

Wichteg: all d’Gruppen mussen sech bis spéitstens den 13. Dezember 2019 ageschriwwen hunn!

 

Vidéo éditioun 2018-2019 à https://youtu.be/NfrBRJQYTLQ

 

(*) En opblosbart Goodyear Loftschëff (approx. 84 cm Längt) & Kniwwelino Liichtelementer kritt dir no ärer Aschreiwung vun ons geschéckt.