Actualité

Lëtzebuerger Naturwëssenschaftsolympiad 2021

Du interesséiers dech fir Chimie, Biologie oder Physik? Da maach mat bei der 14. Lëtzebuerger Naturwëssenschaftsolympiad.

Explicatiounen zum Oflaf vum Concours:

An der Qualifikatioun ginn 30 Multiple-Choice-Froen zu Themen vun der Biologie, Chimie an Physik gestallt. Déi 75 Schüler mat de beschten Resultater qualifizéiren sech fir d’Halleffinall.

An der Halleffinall, gëllt et Froen, Aufgaben, Berechnungen an Diagrammer zu theoretesche wëssenschaftleche Versich ze beäntweren.Déi 24 Schüler mat de beschte Resultater no der Qualifikatioun (zielt 1/3) an der Halleffinall (zielt 2/3) sinn fir d’Finall qualifizéiert.

D’Finall ass dann ganz praktesch, do mussen, an Equipen zu dräi, wëssenschaftlech Versich sou präzise wéi méiglech duerchgefouert ginn.

Matmaachen kann all Schüler aus dem Lycée den um oder nom 1. Januar 2004 gebuer ass. Umellen kann een sich bis de 11ten November bei sengem Chimie-, Physiks- oder Biologiesenseignant. (also haaptsächléch 4e an Deels 3e, heiansdo nach 2e)

D’Qualifikatiounsronn ass de 19ten November an all Lycée den matmëcht, d’Halleffinall de 14ten Dezember 2020 am LGL an d’Finall den 25ten Februar 2021 am LMRL.

All Schüler, déi an d’Finale kommen, kréien e Präis an déi beschte 6 Schüler däerfen un der Naturwëssenschaftsolympiad vun der europäescher Unioun (EUSO), déi vum 8te bis de 15te Mee zu Szeged an Ungarn ass, deelhuelen. Weider Infoen op www.euso.eu.


D’Umeldung (bis zum 11.11.) leeft iwwert de Site, gëtt vum Enseignant gemat an ass ganz einfach.