Actualité

Scheckiwwerreechung schléisst de Charity-Day am LGE of

Um Chrëschtmaart 2021 am Escher Jongelycée si ronn 4000 Euro fir de gudden Zweck gesammelt ginn. Si goufen elo den 28. Mäerz vun de bedeelegte Schülerinnen a Schüler, hiren Enseignanten an der Direktioun vum Lycée un den „Centre LGBTIQ+ Cigale“ an un d’„Stëmm vun der Strooss“ gespent.

Wéi den Direkter vum Lycée, den Här Pascal Bermes, ervirgehuewen huet, ass een am LGE houfreg op ee gemeinschaftlecht Engagement  an der Gesellschaft. Ganz besonnesch ervir stécht hei de Chrëschtmaart vum Lycée. De 14. Dezember 2021 gouf no engem Joer Paus wéinst der Pandemie déi véiert Editioun am LGE organiséiert, dës Kéier lancéiert a coordinéiert vun der Mme Claudine Bley, Enseignante am Lycée. Am Preau an am Haff vun der Schoul hunn eng 200 Membere vun der Schoulcommunautéit Iessen a Gedrénks, Konschthandwierk an Aktivitéiten ugebuede respektiv fir de musikaleschen Encadrement a fir d’Chrëschtstëmmung gesuergt. Op ganzer 34 Stänn war de Chrëschtmaart dëst Joer ugewuess. An trotz de strenge Mesurë géint de Coronavirus konnten deen Owend ronn 800 Visiteure gezielt ginn, déi zum Succès bäigedroen hunn.

Bei der Renconter dësen 28. Mäerz gouf nach eng Kéier alle Bedeelegten, den techneschen, administrativen a sozialen Servicer vum Lycée, dem Schüler-, Elteren- a Proffecomité esouwéi der Escher Gemeng an de Sponsore fir hir Ënnerstëtzung Merci gesot. Den Erléis konnt hei de Vertriederinne vum «Centre LGBTIQ+ Cigale» a vun der «Stëmm vun der Strooss» a Form vun engem Scheck vu jeeweils iwwer 2000 Euro perséinlech iwwerreecht ginn. Si woren an de Lycée komm, fir de Schülerinnen a Schüler hir Projete virzestellen, déi mat den Done kënne realiséiert ginn.

D’Mme Elsa Fischbach gouf en Abléck an d’Informatiouns- a Sensibiliséierungsaarbecht vum „Centre LGBTIQ+ Cigale“. Mat hire Formatiounen, Berodungsaktivitéiten an Intressegruppen, déi sech bei hinnen zesummefannen, ënnerstëtze si d’Membere vun der LGBTIQ+-Communautéit esouwéi jiddereen, deen sech mat Froen zum Thema u si riicht.

Vun der „Stëmm vun der Strooss“ huet d’Mme Alexandra Oxaceley iwwert hir Sitten an Aktivitéite geschwat, mat deenen se iwwert d’Joer gekuckt Dausende vu Leit den Zougang zu der Gesellschaft ophalen. Den Don kann an déi sëllegen Uschafungen erafléissen, mat deenen ënner anerem deen neiste Site vun der „Stëmm“ zu Suessem equipéiert gëtt.

E flotten Encouragement fir deen nächsten Charity Day am LGE!


 




Fotoen vum Chrëschtmoart 2021 : link