Actualité

Den LGE bekennt Faarf fir de Fridden!

Och am Escher Jongelycée gouf an deene leschte Wochen net einfach iwwert d’Biller an d’Noriichten, déi eis vum Krich an der Ukrain erreechen, ewechgekuckt. D’Schüler aus de Chimies- a Physiksoptioune vun 3e bis 1ère an hir Enseignanten hunn dofir mat selwer hiergestalltem Indigo T-Shirte gefierft an an der Schoulcommunautéit vum LGE versteet, fir mat de gesammelte Suen Hëllefsaktiounen fir d’Ukrain ze ënnerstëtzen. An esou hunn um Mëttwoch, 20. Abrëll, zwou Associatiounen, Médecins sans frontières an d’Weltorganisatioun vun de Guiden a Scouten, Schecken iwwer zesumme 6200 Euro iwwerreecht kritt.

Op Initiativ vun der Mme Astrid Maischak, Enseignante am TP Chimie, gouf den Ëmgang mat Faarfstoffer, deen am Léierplang vun der Chimiesoptioun virgesinn ass, dëst Joer agebonnen an dëse gemeinschaftleche Projet. Den Här Jerry Wagener aus der Chimie an den Här Jonathan Mengozzi esouwéi den Här Gerson Rodrigues, Enseignanten an der Physik, hu sech mat hiren Optiounsklassen ugeschloss. Schüler vun alle Sektiounen hunn domatter an zwou Woche un hirem eegenen Design  fir d’T-Shirte geschafft; et si Motiver vum Fridden an Text a Bild, déi se no hiren eegenen Iddien fir d’éischt mat engem spezielle Wuess op d’Kleeder opgedroen hunn. Duerno goufen um Enn eng 50 T-Shirten mat dem selwer synthetiséierte Faarfstoff agefierft.

Iwwert dës Aktioun an zousätzlech Donen sinn insgesamt 6200 € erakomm. Dës Zomm gouf op zwou Associatiounen opgedeelt, déi sech mat hirer humanitärer Hëllef och an de Krisegebidder vun der Welt asetzen. De Philippe Kröger, Schüler op der 1ère E a selwer mat um Projet bedeelegt, huet vun de Schüler aus d’Weltorganisatioun vun de Guiden a Scouten abruecht. Fir si huet den Här Bruno Martins vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten déi 3100 € entgéint geholl. D’Mme Michele Jensen-Carlen koum vusäite vun de « Médecins sans frontières » an de Lycée.

Niewent deenen héije Klassen waren awer an deene leschte Wochen och Schüler vu 7e bis 4e ënnert der Leedung vun der Mme Sylvie Thimmesch aktiv, fir Suen ze sammelen an un d’Organisatioun Ad Pacem spenden ze kënnen. An der Aktioun „Zesumme bake mir dat“ hu si an de Pause Kuch verkaf an am Ganzen 1200 € gesammelt.