Actualité

Excellent Resultater vun eise Schüler:innen beim CanSat Concours vun der ESA (European Space Agency)

Vun Januar bis Abrëll vun dësem Joer huet d’Deuxièmesoptioun Physik am Alldag ënner der Betreiung vum Jonathan Mengozzi a Gerson Rodrigues fir d’éischt Kéier un der zweeter lëtzebuergescher Editioun vum CanSat Concours vun der ESA (European Space Agency) deel geholl. Zousätzlech dozou goufen d’Schüler och nach vum externen Expert Raoul Gross beim Entworf a Printen vun hirem Satellit ënnerstëtzt.

Bei dësem Concours geet et dorëms ee klenge Satellit a Form vun enger Dous mat engem integréierte Prozessor a Sensoren ze bauen an ze programméieren. Dëse Satellit gëtt da mat enger Rakéit op ongeféier ee Kilometer Héicht bruecht a gëtt do fale gelooss. Ee selwer hiergestallte Fallschierm soll de Satellit dobäi lues a sécher op d’Äerd zeréckkomme loossen, wärenddeem d’Sensoren den Drock an d’Temperatur moossen, se op de Prozessor späicheren a simultan un eng Buedenantenne schécken. Um Buede soll dofir een zweete Prozessor programméiert gi fir mat Hëllef vun enger selwer gebauter Yagi Antenne d’Donnéeën opzefänken an lokal op engem Laptop ze späicheren.

D’Ekippen ginn no ënnerschiddleche Critèrë bewäert:

  • Wëssenschaftlechen an edukative Wäert: 35%
  • Technesch Performance: 35%
  • Professionell Fäegkeeten: 15%
  • Mediatiséierung a Präsentatioun vum Projet: 15%

Déi bescht Ekipp qualifizéiert sech automatesch fir d’Participatioun un der europäescher Finall a vertrëtt dobäi Lëtzebuerg.

D’Deuxièmesoptioun Physik am Alldag huet mat 3 Ekippen un der Editioun 2022 un dësem Concours deelgeholl: TON 618 (LGE 1), Nee (LGE 2) an The Ark (LGE 3). Insgesamt ware 14 Ekippen aus verschiddene Lycéeën doru bedeelegt (LML, LLIS, LTS, LRSL, EPF, EPND, LHCE).

Um Schluss konnten sech 2 vun den 3 Ekippen aus dem LGE gutt klasséieren! D’Ekipp TON 618 (LGE 1) gouf mat der 4. Platz belount, wärend d’Ekipp The Ark (LGE 3) sech souguer déi 2. Platz um Podium séchere konnt! Domat huet d’Ekipp vum LGE just knapp d’Participatioun un der europäescher Finall verpasst!





photo: claude piscitelli