Actualité

Naturwëssenschaftsolympiad 2022

Bei der Naturwëssenschaftsolympiad 2022 huet sech ee Schüler aus dem LGE besonnesch ervirgedoen: De Moritz Rohner vun der 5.1. (2021/22) huet sech mat sengen zwee Co-Equipièren aus anere Lycéeën an der Finall hei am Land duerchgesat.  

Domatter konnt hie mat senger Ekipp vum 8. bis 14. Mee 2022 Lëtzebuerg op den Olympiades européennes des sciences expérimentales 2022 zu Hradec Kralové (an der Tschechescher Republik) vertrieden. Ekippen aus 20 Länner sinn hei géinteneen ugetratt. Iwwer zwee Deeg hu si Experimenter an der Physik, der Chimie an an der Biologie duerchgefouert an hiert analytescht Virgoen, hir Genauegkeet an hiren Ekippegeescht ënner Beweis gestallt.  

Dernieft goung et natierlech och drëms, déi 120 Kolleegen a Kolleeginnen aus deene anere Natiounen an och d’Stat, déi si empfaangen huet, kennenzeléieren. Um Enn huet de Moritz mat senger Ekipp en exzellent Resultat erzilt, dat bescht vun enger Lëtzebuerger Ekipp bei dëser internationaler Competitioun bis ewell: ënner 40 Ekippe si se déi véiert ginn an hunn eng Goldmedail mat heem bruecht. Fir dës Leeschtung huet hinnen den 3. Juni 2022 och de Minister Claude Meisch an enger klenger Ceremonie gratuléiert. 

https://men.public.lu/fr/actualites/communiques-conference-presse/2022/06/08-olympiade.html

Jacques Weydert, Caroline Steffen, Martin Wedel (directeur EEI),Gilles Backes, Lavinia Nemes, Siena Ootes, Nina Bernier, Moritz Rohner, Frank Eyschen (directeur LGL), Minister, Pascal Bermes (directeur LGE), Massimo Comparetto, Joé Werdel, Jeff Kohnen (président de l’asbl Olympiades luxembourgeoises des sciences naturelles), Melinda Koch, Jean-Luc Thill (président de l’asbl Cercle de Philosophie, association organisatrice de la Luxembourg Philosophy Olympiad – LPO), Jo Frank, Glenn Kreuter, Xènia Loi