Actualité

Ausstellung « Bitter oranges, African Migrant Workers in Calabria » am LGE

An Zesummenaarbecht mat der Escher Bibliothéik, war de Prof. Dr.  habil. Gilles Reckinger erëm eng Kéier op Besuch am LGE mat senger ethnographescher Fotosausstellung « Bitter oranges, African Migrant Workers in Calabria ». Des Ausstellung ass d’Resultat vu senger méijäreger Fuerschung woubäi et em afrikanesch Flüchtlinge geet, déi iwwer d’italieenesch Insel Lampedusa an d’EU kommen an als Saisonaarbechter op den Orangeplantagë vu Rosarno schaffen, dëst ënner extrem schwieregen an onfaire Bedingungen. Eis Schüler vun de 4e’en, 3e’en an 2e’en hunn un engem Workshop mam Gilles Reckinger deel geholl a sinn sech bewosst ginn ënnert wéi enge prekäre Bedingungen eis Liewensmëttel deels hiergestallt ginn an si hunn och méi generell Informatiounen zur europäescher Migratiounspolitik kritt.