Actualité

Excellent Resultater vun eise Schüler:innen beim CanSat Concours vun der ESA (European Space Agency)

Vun Januar bis Abrëll vun dësem Joer huet d’Deuxièmesoptioun Physik am Alldag ënner der Betreiung vum Jonathan Mengozzi a Gerson Rodrigues fir d’zweet Kéier un der drëtter lëtzebuergescher Editioun vum CanSat Concours vun der ESA (European Space Agency) deel geholl. Zousätzlech dozou goufen d’Schüler och nach vum externen Expert Raoul Gross beim Entworf a Printe vun hirem Satellit ënnerstëtzt.

Genee sou wéi d’lescht Joer, geet et bei dësem Concours dorëms ee klenge Satellit a Form vun enger Dous mat engem integréierte Prozessor a Sensoren ze bauen an ze programméieren. Dëse Satellit gëtt da mat enger Rakéit op ongeféier ee Kilometer Héicht bruecht a gëtt do fale gelooss. Ee selwer hiergestallte Fallschierm soll de Satellit dobäi lues a sécher op d’Äerd zeréckkomme loossen, wärenddeem d’Sensoren den Drock an d’Temperatur moossen, se op de Prozessor späicheren a simultan un eng Buedenantenne schécken. Um Buede soll dofir een zweete Prozessor programméiert gi fir mat Hëllef vun enger selwer gebauter Yagi Antenne d’Donnéeën opzefänken an lokal op engem Laptop ze späicheren.

D’Ekippe ginn no ënnerschiddleche Critèrë bewäert:

  • Wëssenschaftlechen an edukative Wäert: 35%
  • Technesch Performance: 35%
  • Professionell Fäegkeeten: 15%
  • Mediatiséierung a Präsentatioun vum Projet: 15%

Déi bescht Ekipp qualifizéiert sech automatesch fir d’Participatioun un der europäescher Finall a vertrëtt dobäi Lëtzebuerg. Insgesamt ware 15 Ekippen aus verschiddene Lycéeën doru bedeelegt.

D’Deuxièmesoptioun Physik am Alldag huet mat 3 Ekippen un der Editioun 2023 un dësem Concours deelgeholl:

Apollo 71 (vun lénks no riets): Daniel Gomes Tiago (2CC2), Buffadini Morena (2CD), Fischer Luna (2CC2), Ceccaci Mara (2CD), Cuglietta Lara (2CC2), Lejeune Jill (2CC2), Lallemang Matusch (2CC2, ofwiesend fir d‘Präisiwwerreeschung)

LeGEnds (vun lénks no riets): Back Charlotte (2CB), Back Sarah (2CC2), Henriques Esperança Casinhas Leïla (2CB), Becker Chiara (2CB), Grethen Lisa (2CD), Nickels Elisha (2CD)

SevenToHeaven (vun lénks no riets): Santos Esteban (2CE), Licina Ilan (2CB), Cagnetta Victoria (2CC2), Picard Noé (2CB), Pereira Marques Daniel (2CC2), Quaring Pit (2CC2), Thiel Pol (2CB)

Am Schluss konnten allen 3 Ekippen aus dem LGE sech exzellent klasséieren an 3 vun 5 Präisser gewannen, woubäi all Ekipp vun vir eran just ee Präis gewannen dierf. D’Ekipp Apollo 71 gouf mam Präis « Most Professional Team » belount, wärend d’Ekipp LeGEnds mam Präis « Highest Technical Achievement » an d’Ekipp SevenToHeaven mam Präis « Best CanSat project » als Gewënner vun der Kompetitioun sech qualifizéieren konnt fir d’europäesch Finall!

Am Juni vertrëtt d’Ekipp SevenToHeaven an der europäescher Finall dann Lëtzebuerg!