Actualité

EOES 2023 zu Riga : Goldmedaill fir zwee Schüler aus dem LGE!

De Moritz Rohner (4.1), de Max Thiel (3B) aus dem LGE (zesumme mam Siena Ootes vun der Europaschoul 1) hun op der EOES (European Olympiad of Experimental Science) zu Riga eng Goldmedail gewonnen! An dat op enger phantastëscher 3. Plaz (wat et nach nie fir en Team aus Lëtzebuerg gouf). Insgesamt gouf et fir déi 6 éischt Plazen eng Gold-, fir déi nächst 15 Plazen eng Sëlwer- a fir déi aner 24 Teams eng Bronzemedaille (45 Teams insgesamt aus 24 Länner).

Mir sinn houfreg op si a gratuléieren hinnen fir dës excellent Leeschtung!

E grousse Merci natierlech och un eis Science-Proffen déi si esou gutt op dëse Concours preparéiert hunn!



 




D‘Ofschlosszeremonie kann een hei kucken : http://eoes2023.rsu.lv/media

Fotoe fënnt een hei : https://www.flickr.com/photos/189792265@N06/albums/


NWO zu Lëtzebuerg

Bei der Naturwëssenschaftsolympiad 2023 hunn sech de Moritz Rohner (4CL1) an den Max Thiel (3B) als bescht Team fir déi europäesch NWO zu Riga qualifizéiert.

De Félix Jeitz (3C) war bei der drëtt beschter Équipe dobäi. Hie konnt awer leider bei der Zérémonie net dobäi sinn.

Mir sinn houfreg op hir excellent Resultater a gratuléieren hinnen ganz häerzlech.