Actualité

“Remise des Insignes” beim Mérite Jeunesse 2023

E Mëttwoch, de 26. Abrëll 2023, huet am Forum an der Stad d’Iwwerreechung vun den Ofzeeche vum Mérite Jeunesse stattfonnt.

A Presenz vum Ierfgroussherzog Guillaume, vum Prënz Guillaume, vun den Direktiounen aus de verschiddene Lycéeën, dem Comité an den Tuteure vum Mérite Jeunesse a villen houfregen Eltere sinn iwwert 200 Jonker geéiert ginn.

Aus dem LGE kruten d’Barbara DE AMORIM (3DG1), d’Claire Bodry, dat 2021/22 seng Première am LGE gemaach huet, an d’Aurélie Mores, dat 2021/22 am LGE seng 4e ofgeschloss huet, d’Bronzeofzeechen. Mat Sëlwer goufen d’Paula DE GREGORI (1A), de Charel GOELFF (4.1), d’Ella MALANO (1A), d’Lily NAVLET (1A), den Tom RECKINGER (1B), d’Julie WAGNER (3C) an d’Maïa WERCOLLIER (1A) belount.

Mir gratuléieren !

Informatiounen zum Mérite Jeunesse sinn um Site merite.jeunesse.lu ze fannen.