Actualité

D’7ièmen um Kenneléierdag am Ellergronn

D’Klass 71


D’Klass 72 :


D’Klass 73 :


D’Klass 74:


D’Klass 75:

 


Weider Infoen iwwert dëse Projet vum SSE :

Projet EllergronnDéi éischt Wochen ass op der 7e esou munches nei. An och hir Klass kennen d’Schülerinnen an d‘Schüler nach net esou gutt. Dofir verbréngen all d‘7e-Klassen aus dem LGE een Dag am Ellergronn.

Mee firwat genee op där Plaz?

Eis ass et wichteg, de Schülerinnen an d‘Schüler hir Ëmgéigend an d‘Geschicht vun Esch méi no ze bréngen.

Doriwwer eraus ginn dës Aktivitéite vun eisen Educateuren organiséiert, begleet a geleet an och de Regent resp. d‘Regente vun der Klass ass dobäi.

Mee wat geschitt dann genee do?

D’Schülerinnen an d‘Schüler fuere mam ëffentlechen Transport an den Ellergronn, da maache si e Rallye vun zwou Stonnen duerch de Bësch a léieren eppes iwwert d‘Geschicht vun Esch a virun allem iwwert d‘Natur.

Duerno gëtt zesumme gepicknickt an da geet et mat flotte Spiller weider, bei deenen d’Schülerinnen an d’Schüler sech besser kenneléieren a verschidden Aufgaben ze léise kréien.

Zum Schluss gëtt kuerz iwwert den Dag geschwat an dann geet et nees zeréck bei d’Schoul.