Actualité

LGE NIGHT-TALK

De Schülercomité vum Lycée de Garçons Esch huet den 10. November 2023 déi zweet Editioun vum Diskussiounsowend « LGE NIGHT-TALK » organiséiert an dat mat vill Succès! Dës Kéier war d’Thema « The New Drug », an et gouf sech mat der Handysucht an dem Afloss vun der neier Technologie op d’Verhale vun der Gesellschaft befaasst.

Ëm déi 40 Leit ware present: Schüler, Professeren, Elteren an Interesséierter ausserhalb vun der Schoulcommunautéit hu sech an eisem Festsall getraff, fir sech um NIGHT-TALK ze bedeelegen. Den Accueil gouf vum Schülercomité virgeholl. Duerno huet de Philosoph a Professer Norbert Campagna d’Introduktioun an d’Thematik iwwerholl an d’Problematik duerch véier Froen duergestallt. All Diskussiounsdësch hat dunn d’Aufgab, déi jeeweileg Fro ze analyséieren an zesummen doriwwer ze diskutéieren. Fir Iessen a Gedrénks war och gesuergt. Uschléissend konnt all Grupp hir Haaptargumenter matdeelen. Nodeems den Här Campagna eng Schlussfolgerung gezunn huet, ass e Lidd mam Message « Kuck op mech an net op däin Ecran » ofgespillt ginn. Zum Schluss huet de Schülercomité den Owend clôturéiert. D’Participantë ware ganz zefridden an hunn ee positive Feedback hannerlooss.

(Text : Jeremy Fischbach, Präsident vum Schülercomité)

(photos : Elena Krumlowsky)