Actualité

Geoghelli 2023 : Candy-Park

De 17. an 18. November war et erëm esou wäit: No enger quasi opgezwongener Paus duerch d’Pandemie an den Teamwiessel an der Leedung huet de Grupp Geoghelli d’Première vun hirem Programm „Candypark-Queer duerch de Gaart“ gefeiert. Um Programm stounge witzeg genau esou wéi sozialkritesch Texter, an natierlech Lidder an Dänz, déi an de Kontext gepasst hunn. Déi zwee Owenter ware fir dee jonke Grupp e groussen Erfolleg a jiddwereen, dee bedeelegt war, freet sech, fir am Januar erëm unzerappe fir déi nächst Produktioun op d’Been ze stellen!

(Text : Cynthia Knoch)


(photos : Elena Krumlowsky)


(photos : Sven Bour)