Am Kader vum Geographiescours op den zwou 3G Klasse war den 22.2.2024 de Philippe Ernzer vu météo boulaide op Besuch am LGE. Hien huet eise Schülerinnen a Schüler verschidde Grondnotiounen aus der Meteorologie a Klimatologie erkläert an ass mei prezis op d’Entsteeung vun engem Tornado agaangen. Eis Schülerinnen a Schüler kruten ausserdeem gewise wei aus Wiedermodeller Previsiounen entstinn a si kruten d’Prinzippie vum Système d’alerte vu météo boulaide erkläert. D’Thema vum Klimawandel a senge Konsequenze gouf och ugeschwat.
![](https://lge.lu/wp-content/uploads/2024/02/2024-02-22-Geographie-Meteo-Boulaide-Philippe-ernzer.jpg)
![](https://lge.lu/wp-content/uploads/2024/02/2024-02-22-Geographie-Meteo-Boulaide-Philippe-ernzer-1.jpeg)
![](https://lge.lu/wp-content/uploads/2024/02/2024-02-22-Geographie-Meteo-Boulaide-Philippe-ernzer-1.jpg)