Actualité

Visitt vum Musée National de la Résistance et des Droits Humains (Klass 4.1 an 2C) & Klass 44

D’Schülerinnen an d’Schüler vun der 4.1 a vun der 2C waren den 21. Mäerz 2024 de Musée National de la Résistance et des Droits Humains zu Esch besichen.

Hei kruten déi zwou Klassen eng Visitt guidée vun där neier permanenter Ausstellung. Dobäi goufen deene Jonken ënnerschiddlech Sujeten aus der Period vum Zweete Weltkrich méi no bruecht: d’Liewen ënnert enger Diktatur, d’Reaktioune vun der Bevëlkerung, d’Strukture vun den Nationalsozialisten, d’Konzentratiounslager, d’Shoah an d‘Nokrichszäit. Eng Presentatioun vun de Mënscherechter huet d’Ausstellung completéiert.

Begleet goufe si vun der Madamm Bley a vun den Häre Schanen an Thiel.

Eng war eng léierräich Visitt!





Den 25. Mäerz krut och d’Klass 44 a Begleedung vun de Madammen Hurt a Karier eng Visitt guidée vun där neier permanenter Ausstellung am Musée National de la Résistance et des Droits Humains zu Esch: