Actualité

De Liesowend am CDI

De Liesowend am CDI

Den 23. Abrëll 2024 huet am CDI eise 4. Liesowend stattfonnt, bei deem eis jonk SchülerInnen, déi selwer schreiwen, hir Texter virgelies hunn.

Deen Owend hu mer net nëmmen d’Kreativitéit vun eise Schüler gefeiert, mee och de Weltdag vum Buch, dee weltwäit d’Bedeitung vun de Bicher, dem Liesen an den Droits d’auteurs ervirhieft. Dësen Dag gouf 1995 vun der UNESCO an d’Liewe geruff a fält net zoufälleg mam Doudesdag vun zwee groussen Nimm vun der Weltliteratur zesummen: deem vum William Shakespeare a vum Miguel de Cervantes. Mir hunn also d’Kraaft vun de Wierder a vun de Geschichte gefeiert. Eis Schüler hunn hir eegen Texter presentéiert, déi si am Laf vum leschte Schouljoer oder scho fréier verfaasst hunn. Dës Texter si méi wéi Wierder op Pabeier: Si sinn Ausdrock vun hire Gedanken, Ängschten, Dreem an oft och vun hire perséinlechen Erfarungen. Si hunn eis agelueden d’Welt duerch hir Aen ze gesinn an heiansdo och e Stéck wäit ze verstoen, wat si beweegt.

Merci un d’Publikum, dat zu vill lauschtere komm ass,

merci eise jonken Auteuren, déi de Courage haten, hir Texter viru Publikum virzedroen,

merci hire Proffen, déi si an hirem kreative Prozess ënnerstëtzt hunn, andeems si mat de Schüler d’Texter iwwerlies a mat hinne geüübt hunn: Madamm Bley, Här Bruch, Madamm Burton, Madamm Duarte, Här Lantz, Madamm Neiens, Här Stasiak an Här Trentin.

Et wor e flotten Owend a mir sinn all gespaant, wat mer nach vun eisem talentéierten Nowuess héiere wäerten!


Raphael Yoda (7e)

Lenny Nitschké (7e)

Aneline Brogialdi (7e)

Stella Tralcio (6e)

Sally Kies (5e)

Nina Bregoli (5e)

Melissa Moos Schmit (5e)

Conny Boemer (5e)

Zélie Lestavel (4e)

Ruben Chardome (4e)

Nilton Tavares Da Veiga a Rogério Rebelo Alves (3e)

Sarah Cavuoto (2e)

Ruben Chardome (4e) a Sarah Cavuoto (2e)

Lili Armuth (2e)

Emilie Hanzir (2e)

d’Mme Bley liest en Text vum Loredana Barnellini (2e)

Barbara De Amorim Ferreira (2e)


(c) photos : Raoul Trentin