Actualité

Projet „Education à la citoyenneté“ fir all eis 5e-Klassen

E Bléck hannert d’Kulisse vun enger Gemeng – dëse kruten d’Schülerinnen an d’Schüler vun eise 5e-Klassen am Abrëll 2024 beim Projet „Education à la citoyenneté“ gebueden.

No enger theoretescher Aféierung an de Fonctionnement vun enger Gemeng vu 4 Schoulstonnen am Lycée, hunn déi Jonk sech op de Wee gemaach a sech a verschiddene Gemengen aus dem Süde mat deene Responsabelen ënnerhalen.

Déi Jonk ware virwëtzeg an haten eng ganz Partie Froe virbereet: „Wéi laang dauert et, bis ee Buergermeeschter gëtt? Ass et e stressegt Amt? Wéi ass et als Fra an engem vu Männer dominéierten Domän (politesch) aktiv ze sinn? Wat hutt Dir bis elo u Projeten an Ärer Gemeng ëmgesat? Wat ënnerhuelt Dir géint d‘Insolvenz vu ville Geschäfter an der Uelzechtstrooss? Wat gesitt Dir vir, fir Esch fir Jonker attraktiv ze gestalten? Gëtt et ee Public Viewing fir d‘Fussballeuropameeschterschaft?

Wier et méiglech, zousätzlech Fërdergelder un déi lokal Sportveräiner auszestellen?“

D’Buergermeeschteren an/oder d’Memberen aus de Schäfferéit vun de Gemengen Esch, Diddeleng, Monnerech, Péiteng a Suessem stounge Ried an Äntwert an hunn hinnen en Abléck an déi politesch Welt ginn – vum Alldag um Büro iwwert d’Erausfuerderunge bei diverse Projeten.

Dobäi hunn d’Schülerinnen an d’Schüler méi dacks gehéiert, dass an der Gemengepolitik d‘Mënschlechkeet eng bedeitend Roll spillt. Déi Jonk haten och d’Méiglechkeet matzedeelen, wat si sech vun enger Gemeng wënschen an u wat et hinne feelt.

Donieft gouf deene Jonken, jee no Gemeng, den État Civil an de Biergerzenter vum zoustännege Gemengepersonal erkläert, wouduerch si e bessert Verständnis dofir kruten, wéi eng Gemeng funktionéiert.


classe 5.1 : Sanem


classe 5.2 : Pétange


classe 5.4 : Esch-sur-Alzette


classe 5.5 : Mondercange

(c) commune de Mondercange