Actualité

Classe Verte 2024 (photos)

Hei e puer Andréck vun der Classe verte 2024.
Zënter dem leschte Schouljoer ginn all 4e-Schülerinnen a Schüler aus dem LGE op Sankt Johann im Pongau an Éisträich. Sechs Deeg si gefëllt mat sportlechen a kulturellen Aktivitéiten, déi déi Jonk an hirem Selbstvertraue stäerken, Wësse vermëttelen an d’Klass an de Grupp zesummewuesse loossen. Eng onvergiesslech Erfarung fir all Bedeelegt!

 Meng Andréck vu Sankt Johann am Pongau

Wou mir ukomm sinn, huet de Séi mech direkt beandrockt an ech hu mech schonn op dee Moment gefreet, wou mir all zesummen drasprange wäerten.

D‘Zesummesi konnte mir owes um Volleyballterrain mat Musek ausliewen, an dëst war eng flott Geleeënheet nei Frëndschaften ze schléissen.

Den Ausfluch op Salzburg huet mech och immens positiv gepräägt, well et eng kleng a pittoresk Stad ass, déi vu Fielsen ëmginn ass. D‘Haiser ware vill méi pastellfaarweg wéi mir et zu Lëtzebuerg gewinnt sinn.

Vun all deenen Aktivitéiten, déi mir gemaach hunn, huet d‘Eisriesenwelt mech am meeschten impressionéiert. Meng Virstellunge lounge wäit ënnert deem, wat ons d’Natur ugebueden huet.

Iwwerall, wou mir waren, ob zu Salzburg oder bei der Jugendherberg, war d‘Natur dat, wat engem e Gefill vu Fräiheet ze spiere ginn huet. Ech konnt ni genuch Fotoe vu mengem Ëmfeld maachen, well mech déi Bëscher a Bierger immens impressionéiert hunn.

D‘Fotochallenge hunn ech och ganz flott fonnt, an déi Fotoe sinn zu schéine Souvenire ginn.

Insgesamt war et eng ganz gelonge Rees, an dat Zesummeliewe mat Frënn war eng ganz nei Erfarung, déi ech gäre widderhuele géif. Mir hunn eis ni gelangweilt a mir hunn all méiglech Spiller gemaach. D’Wieder war ganz gutt, wat eis erlaabt huet, vill Zäit dobaussen ze verbréngen. Ech hoffen, dass mir nach aner esou Reesen ënnerhuele wäerten, bei deene mir ons och esou gutt ameséiere wäerten.

Meng Andréck insgesamt falen deemno ganz positiv aus an et war eng grouss Freed, dat materliewen ze dierfen. Ech wäert déi Rees a gudder Erënnerung behalen an nach vill mat de Frënn doriwwer schwätzen.

Azadeh Majerus, 4.1



Meng Andréck vu Sankt Johann am Pongau

D’Zäit, déi mir an Éisträich verbruecht hunn, war richteg flott an onvergiesslech. Do hunn ech vill nei Kolleege kennegeléiert a mir hunn och vill Spaass gehat. Mir hunn eis ni gelangweilt, well een do esou vill maache konnt.

D’Stad Salzburg, déi mir besicht hunn, kann een net vergiessen. Si ass extrem schéin a si huet mir immens gutt gefall. Do war esou vill ze gesinn, mee leider war eis Zäit op e puer Stonne begrenzt.

Ausserdeem war d’Liechtensteinklamm wonnerbar an et huet wierklech gutt gedoen, dobaussen ze sinn an d’Landschaft ze bewonneren. Dat nämmlecht kann ee fir d’Eisriesenwelt soen, ëmsou méi, wann een Éisträich nach ni visitéiert huet, wat bei mir de Fall war. Déi héich Bierger an d’Vue vun do uewe ware spektakulär an alles huet mech faszinéiert.

Och d’Jugendherberg huet mech iwwerrascht, well een do esou eng breet Offer hat, wéi z.B. d’Sportshal. Ech hunn och fonnt, dass d’Iessen an de Logement selwer ganz gutt waren. Ech hat zumools vill Spaass dobäi, fir am Badeséi mat menge Kolleegen ze schwammen an do niewendru Spiller ze maachen.

Wann et eppes gouf, wat mir net esou gefall huet, dann war et de Rafting am Reen bei esou kalen Temperaturen.

Ech war zimmlech traureg, wéi d’Classe Verte eriwwer war an ech weess, dass mir all net heemkomme wollten. Et war einfach ze kuerz.

Am Fazit war d’Classe Verte an Éisträich fantastesch a ganz amüsant, an dat zielt och fir déi Aktivitéiten, déi ech wärend deem Moment net esou flott fonnt hunn. Et huet jidderengem vill Spaass gemaach. Et huet mir och gutt gedoen, vum stressegen Alldag e wéineg fortzekommen. Ech si frou, dës Rees materlieft ze hunn an immens dankbar fir d’Erënnerungen, déi ech dorun hunn.

Yating Zhan, 4.1



 Meng Andréck vu Sankt Johann am Pongau

Wärend eiser Rees an Éisträich hu mer eis an engem Jugendhotel opgehalen. D’Zëmmeren hunn hiren Zweck erfëllt, d’Iesse war gutt an déi divers Méiglechkeeten an eiser Fräizäit hu mir immens gefall. Besonnesch an der Sportshal hu meng Kolleegen an ech vill Zäit verbruet an och mat Schüler aus anere Klasse Basket gespillt. „D’Outdoor-Terraine“ souwéi de Séi goufe beim oft schéine Wieder och räichlech genotzt, obwuel d’Schwammen am Séi éischter un eng Kryotherapie erënnert huet.

Dobäi komme flott Aktivitéiten, déi mer an deene véier ganzen Deeg gemaach hunn. D’Kloteren huet mech direkt am Ufank vill Iwwerwannung kascht. D’Wanderen duerch d’Liechtensteinklamm am Nomëtte war am Géigesaz dozou roueg an an engems wonnerschéin. Den Dag drop si mer d‘„Eisriesenwelt“ kucke gaangen, woubäi ech soe muss, dass ech de Wee bis erop méi impressionant ewéi d’Hiel selwer fonnt hunn. D’Vue op 1800 Meter Héicht ass einfach onbeschreiflech schéi gewiescht. An der Hiel huet een am Géigendeel dozou net esou vill gesinn, well se wéineg beliicht ass. D’Visite vun der Stad Salzburg huet mäi geographeschen Horizont erweidert. Ech hunn eng kleng, charmant Plaz kennegeléiert an ech hu festgestallt, dass d’Awunner immens frëndlech sinn. Eis „Visite guidée“ huet mech awer manner iwwerzeegt. Als lescht stoung de Rafting um Programm an dëst war definitiv déi extremsten Aktivitéit, déi ech bis elo a mengem Liewe gemaach hunn. D’Wiederkonditioune waren net déi bescht an d’Kommunikatioun mat eisem Guide war schwéier, mee trotzdeem huet et mer vill Spaass gemaach, ze raften. Et ass ganz sécher eng Erfarung, déi ech ni vergiesse wäert.

Insgesamt huet dës Rees eis 4e-Schüler verbonnen an dat wäert eis vill bei der Integratioun am Klasseverbond op 3e am nächste Schouljoer hëllefen. A mengen Ae war d’Rees op Sankt Johann am Pongau deemno e vollen Erfolleg.

Gilles Ulbricht, 4.1



Meng Andréck vu Sankt Johann am Pongau

Ufanks Mee sinn ech mat menger Klass an all den anere Quatrièmen an Éisträich gefuer. Mir hunn all zesummen an enger Jugendherberg mat enger grousser Proprietéit geschlof. Wat mir do besonnesch gefall huet ass, dass een a senger Fräizäit trotzdeem nach vill Choix hat, wat ee maache konnt. Sou konnt ee bei guddem Wieder an de Séi schwamme goen, sech an der Sportshal fit halen, Beachvolleyball spillen oder einfach mat de Kolleegen oder Schüler aus anere Klasse schwätzen. Et ass natierlech schued, dass den Trampolin nom éischten Dag net méi konnt benotzt ginn, mee well d’Sonn bal déi ganzen Zäite geschéngt huet, hat ee souwisou méi Loscht, eppes dobaussen ze ënnerhuelen.

Obwuel mir all Aktivitéiten, déi mer gemaach hunn, gefall hunn, muss ech soen, dass ech d’Liechtensteinklamm am beschte fonnt hunn. Et hat ee vill flott Aussichten an de Floss an d’Waasserfäll waren och wierklech impressionant. Beim Rafting hunn ech et e bësse schued fonnt, dass et gereent huet an dass d’Waasser sou kal war, mee et war awer trotzdeem eng gutt Erfarung, déi ech och gäre widderhuele géif.

Flott waren och all déi Aktivitéite vum Interclasse an der Fotochallenge, déi d’Proffe fir eis organiséiert hunn an déi eis heiansdo gutt un d’Laache kritt hunn.

Obwuel ech am Ufank Bedenken hat mat all de Quatrièmen op d’Rees ze goen, fannen ech, dass et dee beschte Schoulausfluch war, deen ech bis elo erlieft hunn. Ech hu mech mat villen anere Schüler ugefrënnt, wat sécher och e Virdeel fir d’nächst Schouljoer ass, well mir dann op Sektiounen agedeelt ginn an ech dann net méi a menger jëtzeger Klass sinn.

Denis Everling, 4.1



 Meng Andréck vu Sankt Johann am Pongau

An Éisträich hunn ech immens vill erlieft a meng Andréck si ganz positiv gepräägt.

An der Classe verte hunn ech vill flott Aktivitéite gemaach, mee eng huet mir besonnesch gutt gefall. D‘Eisriesenwelt war einfach an allerlee Hisiicht wonnerschéin. Fir d‘éischt si mir emol e gutt Stéck ze Fouss erop getrëppelt, fir dann an d‘Gondel ze klammen. Duerno war et nach e Stéck, bis mir beim Agang ukoumen. Mee et huet sech gelount. Et war impressionant, déi gréissten Äishiel vun Europa ze gesinn. Et huet ee gemierkt, wéi kléng de Mënsch dach a Wierklechkeet ass. Des Weideren hunn ech vill intressant Informatioune kritt, wéi dass am Agang e staarke Wand bléist, dee jee no Joreszäit variéiert oder dass e berüümte Fuerscher vun der Hiel do begruewe ginn ass. Obwuel mir no enger Zäit richteg kal ginn ass an ech midd vun den 1400 Trape war, war et en eemolegt Erliefnis.

En zweeten Aspekt vun der Rees an Éisträich war d‘Kenneléiere vun den anere Klassen. An der Classe verte hu sech vill nei Frëndschaften entwéckelt, déi duerch Busfaarten, fräi Nomëtteger beim Séi a vill Kaartespillen entstane sinn. An der Herberg hunn ech oft Volleyball, Dëschtennis a Kaarte gespillt, wouduerch ech vill nei Frënn fonnt hunn. Et ass och oft eng Gruppendynamik an een Zesummenhalt opkomm, wéi zum Beispill beim Dëschtennispille géint den Herr Bimmermann oder beim Interclasse. Des Weidere loung ech e ganze Nomëtteg beim Séi, wou all d‘Schüler zesumme geschwat oder Spiller gemaach hunn. Et war fir mech ee vun deene schéinsten Deeg. Mee och dat Zesummeniessen an der Stuff huet mir perséinlech immens gutt gefall. Sou kennen ech elo vill nei Schüler, mat deenen ech d‘nächst Joer op där Sektioun , déi ech gewielt hunn, schwätze kann. Mee och d‘Professeren huet een emol op eng aner Aart a Weis kennegeléiert.

Mäi Fazit vu Sankt Johann am Pongau ass deemno, dass et mäi schéinste Schoulausfluch bis elo war.

Luca Schlentz, 4.1



Meng Andréck vu Sankt Johann am Pongau

Sankt Johann am Pongau war fir mech eng spannend Erfarung. D’Jugendherberg war schéin an d’Better waren iwwerraschenderweis gemitterlech. D’Iesse war ganz lecker – de Kaiserschmarrn an der Jugendherberg war besser ewéi deen an engem Restaurant zu Salzburg! Nieft der Jugendherberg war e flotte Séi, mee leider war d’Waasser e bëssi ze kal, fir ze schwammen.

Mir hu vill verschidden Aktivitéite gemaach esou wéi Kloteren, Wanderen oder Rafting. Donieft si mir déi gréissten Hiel aus Eis vun der Welt besiche gaangen an hunn Tourismus zu Salzburg gemaach. Béides hunn ech ganz interessant fonnt. Meng Liblingsaktivitéit war awer de Rafting, héchstwarscheinlech, well ech, am Géigesaz zu menge Kolleegen, hannen am Boot souz an net vill naass gi sinn. D’Liechtensteinklamm ze besichen an do ze wanderen, hunn ech awer och ganz flott fonnt. Ech hunn do nämlech spektakulär Waasserfäll gesinn.

Owes si meng Kolleegen an ech oft an d’Sportshal gaangen, wou mir richteg vill Spaass haten. Meeschtens si mir do dem Här Bimmermann, eisem Mathematiksprofesser, begéint a konnte gesinn, wéi hie Schüler am Dëschtennis geschloen huet.

Wat och ganz flott war, war sech mat Schüler aus anere Klassen unzefrënnen. Oft hu mir mat eisen neie Bekanntschaften aus anere Klasse Karte gespillt an hu vill gelaacht. Dës nei Kolleegen hunn eis och bei der Fotochallenge gehollef. D’Professeren hunn nämlech eng spaasseg Challenge organiséiert. De Prinzip war, all Dag eng Foto mat de Leit aus senger Kummer ze schécken. D’Foto, déi am meeschte Likes kritt huet, huet gewonnen. Et huet mir vill Spaass gemaach, dëst ëmzesetzen.

Am Groussen a Ganze gesinn ech Sankt Johann am Pongau als en onvergiesslecht Abenteuer.

Michelle Bou Raad, 4.1


Weider Photoen :

St Johann im Pongau : Wanderung & Liechtensteinklamm


Baumparcours


Salzburg / Mozarts Geburtshaus



Reanimatiouns-Cours


Eisriesenwelt Werfen