Actualité

Visitt vun der Wanderausstellung „D‘Lëtzebuerger Sprooch(en)“

Eise Lycée verpflicht sech dozou, de Schülerinnen a Schüler déi kulturell a sproochlech Diversitéit vu Lëtzebuerg méi no ze bréngen, besonnesch duerch Aktivitéiten ausserhalb vun der Schoul, fir eng Verbindung tëscht dem Léieren am Klasseraum an der Praxis ze schafen.

An dësem Sënn hunn all eis 4e-Klassen d’Wanderausstellung „D‘Lëtzebuerger Sprooch(en)“, déi vum „Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch“ (ZLS) zu Esch Belval am INLL organiséiert gouf, visitéiert. Bei dësem Besuch hu sech déi Jonk ë. a. mat follgenden Theeme befaasst: Méisproochegkeet, sproochlech Varietéiten, Geschicht, Sproochwandel a Lëtzebuergesch an der Literatur an an de Medien, an dat alles an engem partizipativen Ëmgang.




d’Klass 4.1:


d’Klass 4.2:


d’Klass 4.3:


d’Klass 4.4: