Actualité

Book Club Junior 2023-2024

De Book Club JUNIOR ass eng Initiativ, déi 2023 vum Briana Da Silva Sousa an dem Leni Georges, zwou Schülerinne vun der deemoleger 2eA, an d’Liewe geruff gouf. Heifir kommen all Schülerinnen a Schüler, déi sech fir d‘Liese begeeschteren, eemol pro Trimester am CDI zesummen, fir sech ongezwongen iwwert hir Lieserfarung auszetauschen. D’Membere vum Bookclub sichen um Enn vun all Treffen ee Buch eraus, dat si dann an deenen nächste Woche liesen. D’Bicher kënnen an där Sprooch gelies ginn, déi dem Lieser am meeschte läit respektiv zouseet.


Book Club Junior : Meetingen am Schouljoer 2023-2024: