Actualité

Les excursions de fin d’année (classes 73 / 62 / 51 / 3DG / élèves latinistes / CLIJA)

Ausfluch vun der 73 an d’Metzeschmelz

D‘Schülerinnen a Schüler vun der 7C3 sinn um Freiden, den 5. Juli vun der Madamm Sophie Lehnert an der Madamm Jessica Willems an d‘Metzeschmelz begleet ginn. Si hu mat engem fréieren Schmelzaarbeschter eng Visitt vum Walzwierk gemaach an hunn duerno hannert d‘Kulissen vun den Organisateuren an Dekorateuren vun der Nuit de la Culture an de Francofolies kënne kucken. An Zukunft soll op deem fréieren Arcelor-Mittal-Site an Zësummenaarbescht mat Agora en neien Wunn-Quartier tëscht de Gemengen Esch/Uelzecht a Schëffleng entstoen.



Ausfluch vun der 6e2 op Tréier

D’6e2 war um Ausfluchssdag, freides dem 5. Juli, zu Tréier. De Grupp huet moies den Dag mat enger Visitt vun de Kaiserthermen ugefaangen. Hei si mir vun eisem Guide alles iwwert den Opbau vun esou enger Thermenanlag gewuer ginn, vun de Waarm- a Kalwaasserbasenge bis erof an d‘Heizgäng an an den Ofwaasserkanal ënnert dem Buedem.

No engem klengen Ofstiecher an d’Palastaula vun de réimesche Keeser (déi haiteg Konstantinbasilika) blouf Geleeënheet, fir d‘Tréirer Foussgängerzon auszekundschaften. A frësch gestäerkt si mer nomëttes an den Amphitheater weidergetrëppelt, wou e Gladiator eis an Ëmfang geholl huet. Aus éischter Quell si mir an d’Welt vun de bluddege Spiller vum Réimesche Räich agefouert ginn. Um Enn konnt jidderee sech mat Schwäert, Schëld an Netz un de Kampftechniken ausprobéieren.

 


Köln (classe 5CL1)

D’Schülerinnen a Schüler vun der 5CL1 ware vum 5. op de 6. Juli 2024 op een Ausfluch op Köln. Nieft dem Kölner Doum an der Alstad stoung ënnert anerem eng Visitt am Schockelasmusée um Programm. Begleet goufe si vun der Madamm Christiane Hamen, der Madamm Liane Hurt an dem Här Daniel Luciani.


D’Klass 3DG war zu Roum



Voyage des élèves latinistes à Rome : Un Retour aux Sources de la Civilisation

Du 1er au 4 juillet 2024, les élèves latinistes des classes de 4e, 3e, et 2e du Lycée de Garçons d’Esch ont eu l’opportunité de se plonger dans l’histoire fascinante de la Rome antique. Accompagnés par M. Cancellieri, M. Thiel, Mme Quarato, et Mme Marnach, ce voyage éducatif a permis aux élèves de découvrir de manière concrète les vestiges de la civilisation romaine.

Le périple a débuté par la visite des ruines du Parc archéologique d’Ostia Antica, l’ancienne ville portuaire de Rome. Ce site, remarquable par son état de conservation, a offert aux élèves une immersion directe dans la vie quotidienne des Romains de l’époque. Ils ont pu déambuler dans les rues pavées, admirer les mosaïques encore intactes et imaginer la grandeur de la ville à son apogée.

La découverte du Forum Romain et du Colisée à Rome a ensuite marqué un autre moment fort du voyage. Ces monuments emblématiques, symboles du pouvoir et de la culture romaine, ont captivé les élèves, qui ont pu ressentir la majesté de ces lieux historiques tout en apprenant sur les événements qui s’y sont déroulés.

Enfin, la visite du Museo Nazionale Romano a complété cette exploration en offrant aux élèves une vue d’ensemble sur l’art et l’histoire de la Rome antique à travers ses collections riches et variées.


 


Stad Lëtzebuerg (CLIJA)

Déi zwou Clija-Klassen aus dem LGE hu sech de 4. Juli 2024 zesumme mat der Madamm Daraio an der Madamm Petit op de Wee an d’Stad gemaach an hunn do un enger Visitt vum Lëtzebuerg City Museum deelgeholl, duerno hu si picknickt an zum Schluss den Dag bei enger Schneekegkeet am Chocolat House ausklénge gelooss.