Actualité

Schoulfest 2024

Traditionnel huet d’Schoulfest dee leschte Schouldag, den 9. Juli 2024, am Haff, am Preau, an der Sportshal, am Jugendtreff an am CDI vum LGE stattfonnt.

De Schülercomité an Zesummenaarbecht mat Membere vun der APELGE an der ASSPRO, der Bibliothecairin, dem SSE an d’Enseignantë vum Sport a vum Schach hu fir déi néideg Animatioun a Verfleegung gesuergt.

Déi sportlech Enseignantë sinn a verschiddene Sportaarte wéi Fussball, Basketball, Vollleyball oder Vëlkerball géint d’Primaner vun dësem Schouljoer ugetrueden a goufen dobäi enthusiastesch vun de Schülerinnen a Schüler ugefeiert. Déijéineg ënnert hinnen, déi selwer sportlech aktiv si wollten, konnten dëst bei enger Partie Dëschtennis oder Fussball Darts. Um traditionelle Bichermaart konnte e sech mat Summerlektür andecken. Och konnt een am Preau am Kader vum Upbooking seng Schoulbicher vun dësem Joer géint där fir dat kommend Schouljoer tauschen. Déi méi kreativ Schülerinnen a Schüler konnten un engem Manga Workshop vum Sabrina Kaufmann, fréier LGE-Schülerin, deelhuelen. Déijéineg, déi gäre Videospiller maachen, konnten un enger Competitioun am Jugendtreff deelhuelen. Wie Loscht hat, seng Proffen am Dousespill ofzeschéissen, konnt dëser nogoen an dobäi een LGE-Bidong gewannen.

Déi ganz Zäit iwwer war och fir Iessen a Gedrénks gesuergt. Nei dëst Joer war d’Offer vu Milkshaken a Mocktails.

Ee gelongenen Ofschloss vum Schouljoer 2023/2024!