Actualité

Exzellent Resultat fir de Moritz Rohner (1B) bei der “Taiwan International Science Fair”

Vum 18. bis de 26. Januar 2025 hunn de Moritz Rohner (1B, LGE) an de Maxime Buck (LMRL) Lëtzebuerg bei der “Taiwan International Science Fair” vertrueden. Si haten sech duerch hir gutt Resultater beim Concours “Jonk Fuerscher” vun der Fondation Jeunes Scientifiques am Mäerz 2024 qualifizéiert.

Bei dësem internationale Concours hunn 430 Participanten aus 30 Länner mat 250 Projete matgemaach. De Maxime Buck konnt mam Informatiksprojet Miras e « First Award » gewannen. De Moritz Rohner huet mam Projet Can Quantum Mechanical Two-State Theory model Coulomb’s Force? e « Second Award » kritt. Mir gratuléieren him häerzlech zu dëser Leeschtung!

Nieft dem Concours haten d’Participanten d’Geleeënheet, d’Stad an aner kulturell a wëssenschaftlech Institutiounen ze besichen an sech mat Jonken aus der ganzer Welt auszetauschen. Fir de Moritz Rohner war dëst eng wäertvoll Erfarung, a mir sinn houfreg, datt eise Schüler Lëtzebuerg op dësem internationale Concours vertrueden huet.


(c) Tageblatt 25.01.2025 page 18

Dem Moritz Rohner säi Projet

Chiang-Kai-Shek Memorial

Taipeh

D’Lëtzebuergesch Delegatioun mat hire Guiden

Tempel zu Taipeh

Kugel, déi an der Spëtzt vum Tuerm Taipeh 101 hänkt an als Dämpfer géint Schwéngungen agéiert. Déi Kugel ass am 6ième-Buch vun der Geographie dran.

Taipeh 101

De Moritz Rohner – am Hannergrond eng Vue op Taipeh

(c) photos : Moritz Rohner / …