Actualité

Eis Schüler iwwerzeegen an der Physik, Chimie a Biologie

De 14.05.2025 war d’Präisiwwerreechung vun de lëtzebuergeschen Olympiaden an der Physik, Chimie an an der Biologie.

Physik:

  • Éischt Plaz fir de Moritz Rohner (1B)
  • Fënneft Plaz fir de Max Thiel (1B)

Si gi vum 17. bis de 25. Juli op déi international Physiksolympiad zu Paräis a vertrieden do Lëtzebuerg.


Chimie:

  • Éischt Plaz fir de Moritz Rohner (1B)
  • Zweet Plaz fir de Max Thiel (1B)

Si gi vum 05. bis de 17. Juli op déi international Chimiesolympiad zu Dubai a vertrieden do Lëtzebuerg.


Biologie:

  • Zéngt Platz fir de Felix Jeitz (1C)

Am Numm vun der Direktioun gratuléiert déi ganz Schoulcommunautéit dësen dräi Schüler fir hir aussergewéinlech Leeschtungen. Mir si ganz houfreg op hire motivéierten Asaz an hir Begeeschterung fir d’Wëssenschaften. Mir wënschen hinne vill Erfolleg bei den internationale Kompetitiounen a freeën eis schonn op déi Erfarungen, déi si vun do mat zeréckbréngen.

Bravo Moritz, Max a Felix!