Actualité

3t Plaz fir den Alessio Orlando (75) beim Hello Spring 24/25

Mir gratuléieren dem Alessio Orlando vun der Klass 7C5, déi vun der Madamm Ferry Martine fir de Projet ugemellt ginn ass, häerzlech fir seng  Leeschtung beim nationale Projet Hello Spring 2024/2025. Hie konnt sech géint vill aner Participanten duerchsetzen an huet déi drëtt Plaz an der Kategorie Eenzelpräis gewonnen!

Dëst Joer goufen am Kader vum Projet iwwer 4500 Naturbeobachtunge validéiert. Den Alessio huet domat gewisen, wéi vill Engagement an Interessi hien un der Natur huet – eng Leeschtung, op déi mir als Schoul ganz houfreg sinn!

 


Méi Infoen op https://hellospring.script.lu/