Beim Cross Duathlon ronderëm den Atert Lycée zu Réiden waren dëst Joer 12 Schülerinnen a Schüler vum LGE um Start.
Eis nei Vëloe goufen dobäi fir d’éischt getest – an dat mat Succès! D’Kombinatioun Lafen – Vëlo – Lafen huet fir spannend Course gesuergt an all eis Athleten hu sech staark geschloen.
Um Enn konnt den LGE dräi Podiumsplaze bei de Meedercher feieren an déi super Stëmmung de ganzen Nomëtten huet den Teamgeescht nach eemol ënnerstrach.
Top Equipe, top Leeschtungen – bravo Eagles!

