16D’Klass 2BC huet un engem Workshop vum Scienteenslab deelgeholl mam Titel „High-tech research for better solar cells: Does the sun also shine in our labs?“, an der Maison des Matériaux um Universitéitscampus vum Belval.
Den Dag huet mat enger theoretescher Aféierung an d’Halbleiter an d’Funktiounsweis vu Solarzellen ugefaangen. D’Schülerinnen a Schüler kruten erkläert, wéi d’Sonnenenergie an elektresch Energie ëmgewandelt gëtt an am Alldag benotzt ka ginn. Si kruten och en Abléck an déi aktuell Fuerschung am Beräich vun de Solarzellen an d’Grënn erkläert, firwat et verschidde Solarzellentechnologië ginn.
Duerno hunn d’Schülerinnen a Schüler u verschiddene praktesche Workshops deelgeholl. Si hunn ënner anerem eng Faarfstoff-Solarzell (dye-sensitized solar cell) mat enger Iodléisung hiergestallt an duerno hire Wierkungsgrad bestëmmt. Si hunn du geléiert, wéi een d’Liichtintensitéit kalibréiert an hunn den Afloss vun der Temperatur op de Wierkungsgrad vun de Solarzelle mat wëssenschaftlechen Apparater ënnersicht. Zum Schluss hunn si hiert Wëssen ugewannt, andeems si Solarzellen a Reieschaltungen an a Parallelschaltungen agesat hunn, fir bestëmmte Spannungen a Stréim z’erreechen an domat verschidde Geräter ze bedreiwen.
Um Enn vum Dag hunn d’Schülerinnen a Schüler hire perséinlechen Energieverbrauch geschat an dësen a Relatioun gesat mat der Fläch u Sonnepanneauen, déi zu Lëtzebuerg néideg wier, wa jidderee sou vill géif verbrauchen. Doduerch hunn si déi aktuell Erausfuerderungen am Beräich vun den erneierbaren Energië besser verstanen.

