Actualité

Besuch vun engem Astronaut

De 25. Juni haten eis Schülerinnen a Schüler am Kader vum Asteroid Day vun der Asteroid Foundation d‘Geleeënheet, un engem Virtrag an engem Q&A mat dem fréieren NASA-Astronaut Michael Foreman an eisem Festsall deelzehuelen.

De Michael Foreman huet un zwou Weltraummissiounen deelgeholl, am Ganze méi wéi 26 Deeg am Weltall verbruecht an ënner anerem Aarbechten ausserhalb vun der Raumstatioun ausgefouert.

D’Evenement war e grousse Succès. D‘Schülerinnen a Schüler ware begeeschtert an hu vill interessant Froe gestallt. De liewege Virtrag an den uschléissenden Austausch hunn de groussen Intressi un der Weltraumfuerschung gewisen. De Michael Foreman war beandrockt vun der Qualitéit vun de Froen an dem Engagement vun eise Schülerinnen a Schüler.