Vum 13. bis de 17. Abrëll huet am LGE d’Mottoswoch vun de 1re stattfonnt. Wärend dëser Woch hunn d’Schülerinnen a Schüler all Dag en anere Motto presentéiert a sech kreativ verkleet.
Den éischten Dag stoung ënner dem Thema „Back to 2016“. D’Schüler hunn sech inspiréiere gelooss vum Kleedungsstil, de Museker, de Prominenten an den Trends, déi am Joer 2016 populär waren. Sou konnt een ënner anerem bekannte Perséinlechkeeten aus där Zäit erëmerkennen.
Den zweeten Dag war de Motto „Éischte Buschtaf vum Virnumm + Anything but a Backpack“. Jidderee sollt sech als eppes verkleeden, dat mam éischte Buschtaf vu sengem Virnumm ugefaangen huet, an dobäi en originellen Ersatz fir de Schoulsak matbréngen. Dëst huet fir vill witzeg an innovativ Iddie gesuergt.
Den drëtten Dag hunn d’Schüler sech wéi e Proff ugedoen. Vun elegante Kostümer a Bluse bis bei déi typesch Accessoiren, déi ee mat Enseignante verbënnt, gouf et vill kreativ Ëmsetzungen.
Um véierten Dag stoung de Motto „Kandheetscrush“ am Mëttelpunkt. D’Schüler hunn dobäi eng Figur oder e Kandheetsheld vum anere Geschlecht duergestallt an esou e kreativen Gender-Swap gemaach.
De leschten Dag war fir de Gruppekostüm reservéiert. All Klass huet sech zesumme fir en Thema entscheet an als Grupp verkleet. Verschidde Klassen hunn zum Beispill bekannte Figuren oder Fantasiewiesen duergestallt, wat fir e faarwege Schluss vun der Mottoswoch gesuergt huet.

